
Aktuell sinn 18 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 698 aktiv Infektiounen. 68.775 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze goufe bis ewell 398.074 Dosisse genotzt. 3.364 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 5.207 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.