
Um 21.30 Auer en Dënschdeg den Owend ass en Automobilist op der A7 duerch säi Fuerstil opgefall a konnt kuerz drop zu Schieren gestoppt a kontrolléiert ginn. D'Persoun hannert dem Steierrad hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl.
No Hallefnuecht war der Police eng Koppel an der Rives de Clausen an der Stad opgefall, déi ze vill gedronk haten an an d'Richtung vun hirem Auto getrëppelt sinn. De Beamten hu se gesot, se hätten net wëlles, mam Auto ze fueren a sinn dunn an en Taxi geklommen. Kuerz drop allerdéngs huet d'Police d'Koppel an hirem Auto an der Rue de Neudorf ugehalen. D'Automobilistin huet en Alkoholtest misse maachen, dee positiv verlaf ass a krut de Führerschäin ofgeholl.
E Mëttwoch gouf kuerz no 10 Auer an der route d'Arlon zu Mamer e Chauffeur gemellt deen ënnert Alkoholafloss stoung. Hie war mat engem Liwwerwon a Richtung Capellen ënnerwee an konnt vun der Police ugehale ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Permis ofgeholl.