CGDIS3 Blesséierter bei 2 Accidenter, ënner anerem an der Fiels

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Mëtteg si géint 12.25 Auer an der Fiels een Auto an ee Moto net laanschtenee komm.
© RTL (Archiv)

Beim Accident gouf eng Persoun blesséiert, op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun der Fiels.

Géint 15.35 Auer koum et zu Eschduerf zu der Chute vun engem Motocyclist. Hei goufen zwou Persoune blesséiert, am Asaz waren d'Pompjeeën Alebësch an d'Ambulanz vu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO