Attack mat Hummer20 Joer Prisong wéinst versichtem Mord gëtt gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
De Beschëllegten hätt d'Absicht gehat, fir d'Fra dout ze maachen, a sech seng Dot och gutt iwwerluecht.

Dee Mann, deen am November 2018 zu Esch eng Fra op d'mannst 8 Mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen hat, soll wéinst versichtem Mord fir 20 Joer an de Prisong: Dat war allzäit gëschter am fréien Owend d'Fuerderung, um Stater Geriicht, vum Vertrieder vum Parquet.

De Beschëllegten hätt d'Absicht gehat, fir d'Fra dout ze maachen, a sech seng Dot och gutt iwwerluecht.

Versichte Mord mat Hummer / Rep. Eric Ewald

Engem Geriichtsmedeziner no hätt de Mann deemools zolidd zougeschloen, d'Fra liewensgeféierlech Blessure gehat a kënne stierwen, wa si net operéiert gi wär. Den Ugekloten hätt hiren Doud gewollt a keng Circonstances atténuantes zegutt. No engem Tëschefall, am September 2018, mam spéideren Affer senger Mamm hätt déi Plainte gemaach; um Dag vun der Dot, en décke Mount drop, hätt de Mann an der Stad wëlle mat der Mamm schwätzen, wär awer der Duechter begéint. No där hirer Deklaratioun, et géif een d'Plainte net zréckzéien, hätt si e Bus fir op Esch geholl; de Mann wär anerwäerts erageklommen an hätt, den eegenen Aussoen no, eréischt beim Erausklammen un eng Attack mam Hummer geduecht. Hien hätt zougeschloen, wär fortgaangen, awer zréckkomm, an hätt nach emol zougeschloen; d'Fra wär eréischt Mëtt Dezember aus dem Spidol komm, sou nach de Vertrieder vum Parquet.

Nodeems de Me Pucurica als Affekot vu 6 Parties civilen net grad 450.000 € Schuedenersatz fir déi gefrot hat, huet d'Affekotin vum Ugeklote gemengt, et hätt kee Virsaz virgeleeën an de Mann den Doud vun der Fra net gewollt. Fir d'Me Real wollt hire Client d'Fra net ëmbréngen, mä dass hir Mamm d'Plainte géif zréckzéien; de Mann hätt keng Hëllef vum Affer dofir kritt an aus Roserei eraus gehandelt. Hire Mandant wär och net an engem normalen Zoustand gewiescht, mä ënner Afloss vun Drogen; an hiren Ae sollte Coups et blessures volontaires mat enger Incapacitéit fir ze schaffen zréckbehale ginn. Um Enn vun der Sëtzung hat de Beschëllegten d'Famill vum Affer nach drëms gebieden, him ze verzeien.

D'Uerteel ass fir den 31. Juli.

Back to Top
CIM LOGO