CGDIS2 Blesséierter bei Accident op Tréierer Autobunn

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Mëtternuecht hat et op der A1 tëscht dem Potaschbierg a Mäertert geknuppt. 2 Persoune goufe blesséiert.
© CGDIS

Bei Arcelor Mittal Déifferdeng huet et kuerz virun 23.30 Auer an enger elektrescher Anlag gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt.

Um Keeler Potto, Direktioun Rëmeleng, ass um 23.14 Auer en Auto an de Gruef gaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.

3 Blesséierter gouf et zu Esch an der Rue Berwart um 22.14 Auer, wéi en Auto an e Potto gerannt ass.

An der Aktivitéitszon Krakelshaff ass en Donneschdeg den Owend kuerz no 19 Auer eng Persoun ugestouss ginn. Hei mellt de CGDIS 1 Blesséierten.

Zu Peppeng an der Hellenger Strooss huet et no 18 Auer an engem Feld gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO