Alkoholtest zu Giewel a Stengefort105 Automobiliste goufe getest, 6 mol war den Test positiv

RTL Lëtzebuerg
2 Automobilisten hunn dann och nach op der Plaz de Permis missten ofginn.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

D'Kontrollen déi vum Parquet ordonéiert waren, goufen tëscht 19.30 Auer an 23.00 Auer gemaach.

Ma och ausserhalb vun den ordonéierte Kontrollen, sinn der Police eng Partie Persounen opgefall, déi alkoholiséiert Auto gefuer sinn.

Ënnert anerem huet d'Police e Mëttwoch matkritt, dass en Autofuerer géint 23 Auer um Lampertsbierg beim Parken an en anere geparkten Auto gerannt ass. Wéi d'Beamten de Mann konfrontéiert hunn, war séier kloer, dass dësen een iwwert den Duuscht gedronk hat. Den Test war och positiv an de Führerschäi gouf agezunn.

Wéineg spéider dann e Fall vu Fahrerflucht an der rue du Basse zu Biergem. Och hei war e Chauffeur an e geparkten Auto gerannt an sech dunn aus dem Stëbs gemaach. Dëse konnt awer séier ermëttelt ginn. No engem positiven Test gouf och hei de Permis agezunn.

Well eng Automobilisten ze séier ënnerwee war, huet dës zu Raemerich am Rond-point d'Kontroll iwwert hire Won verluer a géint de Bord vum Trottoire gerannt. Dobäi sinn 2 Pneue futti gaangen. Och hei war den Test positiv, ma de Permis gouf net agezunn.

Back to Top
CIM LOGO