Commentaire vum Michèle SinnerZen zu Senneng?

Michèle Sinner
Mécht d’CGFP der Tripartite e Stréch duerch d’Rechnung? Just, fir datt ee vun hir schwätzt? Dat freet d’Michèle Sinner a sengem Commentaire.
© RTL

Commentaire vum Michèle Sinner - Zen zu Senneng?

Se waren esou friddlech a zen e leschten Donneschden zu Senneng. Sou konstruktiv, esou drop beduecht, ze weisen, datt mer zu Lëtzebuerg d'Probleemer bei engem Glas Mineralwaasser an enger Schnittche léisen, wann an der Noperschaft all Weekend Molotovcocktailen, Tréinegas a Paweeën um Menü sinn. Sou séier hat de Premier gesot, datt d'Mesurë vum Juni op déi eng oder aner Manéier am neie Joer viru gefouert ginn, datt munchereen d'Pointe verpasst hat.

D'Patrone vun der Union des syndicats aus OGBL an LCGB, déi, déi der Regierung mat hirer Manif am Juni d'lescht Joer gewisen haten, wien am Lëtzebuerger Ménage à trois, d'Box unhätt, ware gedam. Virdrun an dono. Am Juni hate si eng Erhéijung vum Mindestloun erkämpft. An och wa si net frou driwwer sinn, datt d'Regierung déi subventionéiert, schaffe se elo mat drun, Mesuren ze huelen, déi d'Inflatioun esou wäit retardéieren, datt op d'mannst 12 Méint tëscht zwou Indextranche verginn  - esou wéi d'Patronen dat froen. 
 
Woubäi, wie Freides moies d'Ouere gespëtzt an dësen an dee Radio gelauschtert huet, konnt sech froen, ob d’Union des sydicats liicht bréckelt. D'Nora Back huet do ervir gehuewen, datt d'Aiden um Stroum fir vergläichsweis wéineg Geld gutt op d'Inflatioun, mee net op d'Klimaziler  gedréckt hätten. 
De Patrick Dury huet betount, et soll een d'Frontalieren net ausschléissen, andeems een d'Spritsubventiounen ofschaaft, well d'sozial Kohäsioun vum Land net op der Grenz géing ophalen. 

Allebéid sinn awer an hiren Erklärunge vage genuch bliwwen, datt se domat fir den Donneschde keng Verhandlung blockéieren, egal wéi gutt d'Journaliste sech dru ginn hunn. Si hu keng rout Linne gezunn. Si hunn net brauchen, zanter de Luc Frieden den Index präventiv a Stee gemeesselt huet.

An da kënnt d’CGFP, déi – et sief drun erënnert -, net solidaresch mat der Manif vun der Union des syndicats war a seet elo, si géif engem Accord an der neier Ronn nëmmen zoustëmmen, wann exakt déi nämmlecht Mesurë viru gefouert ginn an zwar just fir dräi Méint. Fir si ass also näischt ze verhandelen.
Ass d’CGFP wierklech bereet, en Accord tëscht Regierung, Patronen, de grousse Gewerkschafte vum Privatsecteur ze hypothekéieren, wann déi sech eens ginn, fir d'Mesuren z'adaptéieren?  Zu wiem sengem Hellegen? Historesch protektionistesch ass d'CGFP nu wierklech net fir hir grouss Nächsteléift mat de Frontaliere bekannt. Et sinn och kaum hir Memberen, déi am meeschten op de Leasing social laueren, fir sech en Elektroauto ze leeschten a vun den Aiden um Stroum ze profitéieren, falls de Sprit ieren net weider subventionéiert gëtt. Wéi den Energiekommissär warnt, fir d'Versuergungssécherheet an d'Klimaziler net a Fro stellen. 

Stellt d'CGFP arbitraire Conditiounen, fir datt se um groussen Dësch ka matschwätzen, well se soss net vill ze soen huet? Woufir ass sech d'Staatsbeamtegewerkschaft dann nach ze schued?

Back to Top
CIM LOGO