Commentaire vum Claudia KollwelterKI an der Konschtwelt: Wa Kulturinstitutiounen op Algorithmen zeréckgräifen

Claudia Kollwelter
Fir den 30. Anniversaire huet de City Museum virun zwou Wochen e Video publizéiert, produzéiert mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz an ouni dat vun Ufank un, mee eréischt nodréiglech, kloer ze kennzeechnen. E Beispill, dat net nëmme Froen iwwer Technologie opwërft, mee och iwwer Transparenz a kulturell Responsabilitéit. Wat fir en Zeechen setzt een, wann ausgerechent Institutiounen, déi Konscht fërderen a wäertschätzen, op generéiert Biller zeréckgräifen? Där Fro geet d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire no.
© RTL

De Commentaire vum Claudia Kollwelter

Et geet dobäi net drëm, KI ze verdäiwelen. Nei Technologien hunn d'Konscht ëmmer scho beaflosst. Vun der Fotografie iwwer digital Grafik bis bei modern Videokonscht. Mä e Musée huet e gewësse Rôle ze erfëllen a soll Kultur am Fong verdeedegen a vermëttelen.

Genee dofir ass et problematesch, wa genee esou eng Institutioun fir hir eege Kommunikatioun op Biller zeréckgräift, déi mat Hëllef vun kënschtlecher Intelligenz an NET aus der Hand vun engem Artist oder Illustrateur geschaaft goufen. Wéi e Message gëtt een domat all deene Kënschtler, Designer an Illustratoren, déi normalerweis esou Opträg realiséieren? Et ass ëmmerhin och eng wirtschaftlech Decisioun, déi een hellt, vu datt all KI-generéiert Bild eng potenziell Optragsaarbecht manner fir eng kreativ schaffend Persoun ass.

Dobäi kënnt, datt KI näischt aus dem Näischt erfënnt, mee op der Aarbecht vun aneren opbaut. Déi meescht KI-Systemer goufe mat Millioune Wierker trainéiert, déi vu Fotografen, Moler, Illustratoren a Schrëftsteller geschaaft goufen, dacks ouni hir ausdrécklech Zoustëmmung an ouni dofir bezuelt ze ginn.

De Problem ass net nëmmen technologesch, mee och kulturell. Wa mir ëmmer méi Wäert op séier, bëlleg an automatiséiert Produktioun leeën, wat geschitt da mat der mënschlecher Kreativitéit? Mat deem eenzegaartege Bléck an dem Talent vun engem Kënschtler?

Dobäi kënnt nach de Problem vun der Transparenz. Wann de Public net informéiert gëtt, datt e Bild vun enger Maschinn generéiert gouf, da gëtt eng wichteg Informatioun virenthalen. Besonnesch an enger Zäit, an där et ëmmer méi schwéier gëtt, tëscht mënschlech geschaaften a kënschtlech generéierten Inhalter z'ënnerscheeden. Am Fall vum City Museum ass dat nodréiglech gemaach ginn, nodeems zeg Leit a Kënschtler sech opgereegt an de Video op de soziale Medie kommentéiert hunn.

Dobäi heescht dat net forcement, datt ee KI ni dierf benotzen. Mä et misst een erwaarden, datt grad Kulturinstitutioune sech bewosst sinn, wat um Spill steet. Wa mir als Gesellschaft de Wäert vu kreativer Aarbecht verdeedege wëllen, da misst dat eigentlech bei deenen Institutiounen ufänken, déi genee dëse Wäert all Dag ënnersträichen.

Wa souguer eis Kulturinstitutiounen ufänken, kreativ Aarbecht duerch Algorithmen z'ersetzen, wie setzt sech dann nach konsequent fir de Wäert vun de Kënschtler an?

E Musée oder Kulturzenter soll net nëmmen iwwer Konscht schwätzen, mee och weisen, datt hien un déi Leit gleeft, déi se schafen.

Back to Top
CIM LOGO