
Virun allem muss gekläert ginn, wéi mat gewësse Gidder, déi net méi kënnen an den Häfe gelagert ginn, soll ëmgaange ginn. Ënnert anerem ass schonn d'Camionsverbuet op Sonndeger a Feierdeeg a gewësse Bundeslänner opgehuewe ginn. De bannenzegste Schëffsverkéier huet wéinst den niddrege Waasserstänn vum Rhäin an der Donau aktuell gréisser Schwieregkeeten. D'Schëffer kënnen net esou vill transportéiere respektiv gewësse Strecke guer net fueren. Doduerch klammen d'Transportkäschten.
De Verkéiersminister Bilger huet sech fir een Ausbau vun de Flëss ausgeschwat. "Grondsätzlech sollte mir all ee Verständnis dofir hunn, datt d'Waasserstrooss Ënnerstëtzung verdéngt, well se den ëmweltfrëndlechste Verkéierswee ass", esou de Bilger dem Redaktionsnetzwerk Deutschland.
Vertrauen an d'Banneschëfffaart kéint et allerdéngs just ginn, wann et net reegelméisseg zu Nidderegwaasserprobleemer kënnt, esou de Bilger. "Dowéinst brauche mir een Ausbau vun der Waasserstrooss, fir laangfristeg fir méi Zouverlässegkeet ze suergen." Hie wéilt doriwwer och mat Ëmweltverbänn schwätzen, esou de Minister. Naturschützer gesinn een Ausbau vun de Flëss kritesch a plädéieren amplaz fir méi lieweg Flëss.