Als éischt Land am Noen OstenDe Libanon schaaft d'Doudesstrof of

AFP, iwwersat vun RTL
Vun elo u sollen déi schlëmmste Verbrieche mat liewenslaangem Prisong mat Strofaarbecht bestrooft ginn.
De libaneesesche Justizminsiter Adel Nassar
De libaneesesche Justizminsiter Adel Nassar
© -/AFP

Dat libanesescht Parlament huet en Dënschdeg e Gesetz gestëmmt, mat deem d'Doudesstrof am Land ofgeschaaft gëtt. Domat ass de Libanon dat éischt Land am Noen Osten, an deem d'Doudesstrof offiziell ofgeschaaft ass.

Och wann am Libanon zanter 2004 keng Doudesurteeler méi vollstreckt goufen, gouf d'Urteel awer nach vu Geriichter geschwat, fir d'lescht réischt e Méindeg. Der Menscherechtsorganisatioun Amnesty International no souzen Ugangs des Joers op d'mannst 85 Persounen am Land an engem Doudestrakt. D'Doudesstrof gouf am Libanon haaptsächlech bei Mord, Terrorismus a politescher Spionage geschwat.

Vun elo u sollen déi schlëmmste Verbrieche mat liewenslaangem Prisong mat Strofaarbecht bestrooft ginn, heescht et vun der staatlecher libaneesescher Noriichtenagence.

De libaneesesche Justizminister Adel Nassar, dee beim Vott am Parlament present war, huet d'Ofschafung vun der Doudesstrof als historesch bezeechent. Hien huet och drop higewisen, dass Leit, déi am Libanon sollte viru Geriicht kommen, an der Vergaangenheet net ausgeliwwert goufen, well d'Länner an deene si sech ophalen, Géigner vun der Doudesstrof sinn.

De Mënscherechtsbeoptraagte vun de Vereenten Natiounen, de Volker Türk huet de Vott begréisst an déi aner Länner aus dem Noen Osten opgefuerdert d'Doudesstrof och ofzeschafen.

Back to Top
CIM LOGO