D'Croisièresschëff "Hondius", op deem den Hanta-Virus ausgebrach war, huet elo seng Rees vun de Kanaren bis op Rotterdam hannert sech bruecht. E Méindeg de Moien ass d'Schëff am Hafe vu Rotterdam agelaf. Déi lescht Leit, déi nach u Bord waren, konnten d'Schëff verloossen. Déi 25 Membere vun der Crew an zwee medezinesch Mataarbechter kommen a Quarantän, an och d'Läich vun der däitscher Fra, déi den 2. Mee gestuerwe war, gëtt vu Bord bruecht.
Nodeem d'Schëff elo zu Rotterdam virun Anker läit, gëtt dëst komplett desinfizéiert. D'Persounen, déi nach u Bord waren, mussen a Quarantän oder musse sech selwer isoléieren. Dofir gouf extra e Containerduerf um Site vum Rotterdammer Hafen opgeriicht.
Schonn Enn vum Mount soll d'Hondius da prett si fir eng nächst Croisière, déi d'Schëff a Richtung Arktis féiere soll. Ob et awer zäitlech opgeet, ass nach net fix.