
E wichtege Punkt ass d'Schafe vu sougenannte "Return Hubs" an Drëttstaaten ausserhalb der EU. Dohinner kéinte Persoune bruecht ginn, déi net an hiert Hierkonftsland zeréckgeschéckt kënne ginn.
Mannerjäreger ouni Begleedung solle vun dëse Moossnamen ausgeschloss bleiwen. Famillje mat Kanner kéinten awer betraff sinn. Fir esou Zentren opzebauen, missten Accorde mat Drëttstaaten ofgeschloss ginn, déi am Géigenzuch finanziell Ënnerstëtzung oder Visa-Virdeeler kéinte kréien.
Wien net mat senger Réckféierung kooperéiert, riskéiert ënner anerem eng Reduktioun vu Sozialleeschtungen oder d'Saisie vu Reesdokumenter.
D'Zuele vu Réckféierunge sinn am Joer 2025 geklommen, wärend d'Zuel vun den Asyldemanden an déi vun den irreguläre Grenziwwerschreidungen zeréckgaange sinn.
An engem Communiqué kritiséiert déi gréng Lëtzebuerger EU-Deputéiert Tilly Metz, datt den Accord net zum Zil géif bäidroen, fir eenheetlech EU-Reegelen festzehalen. EU-Memberlänner géifen nämlech méi Spillraum kréien, wat d'Sécherheetsbewäertungen an eventuell Inhaftéierungen vun de refuséierten Asyl-Demandeuren ugeet.