Zu New York ass et déi 81. Vollversammlung vun der UNO. Fir d'General-Debatt gi sech an den nächsten Deeg eng 130 Staats- a Regierungscheffen erwaart.
Den Optakt huet den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres gemaach. No him war et um brasilianesche President Lula Da Silva an dono direkt um US-President Trump, deem säin Optrëtt mat Spannung erwaart gouf.
Als 14. an der sougenannter "Morning session", ass et um Grand-Duc Guillaume, dee sech un d'Vollversammlung wäert adresséieren.
A senger Ried, déi den Owend um 20:15 Auer eiser Zäit wäert ufänken, wäert et drëms goen, fir d'Positiounen an d'Prioritéiten zu den internationalen Defie vum Grand-Duché ze erklären, heescht et vum groussherzoglechen Haff.
Aner Riedner um éischten Dag zu New York sinn ënnert anerem de franséische President Macron, de brittesche Premier Burnham oder déi japanesch Premierministesch Takaichi.