Deal oder Vernichtung?Donald Trump dreet Iran op UNO-Vollversammlung zu New York

François Aulner
RTL mat AFP
Sandy Schmit
Dem US-President seng Ried war mat Spannung erwaart ginn. Doran huet hien och en Ofkommes tëscht den USA, Grönland an Dänemark annoncéiert.
"Amerika ass zeréck an esou staark ewéi nach ni", waren nëmmen e puer vum Trump sengen Aussoen.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

Soll ech dem Iran d'Chance gi fir en Deal oder d'islamesch Republik vernichten?": ënnert anerem mat där Fro huet den US-President Donald Trump en Dënschdeg virun der UNO-Vollversammlung ewéi gewinnt ausgedeelt. Virun engem Vertrieder vum Iran, deen awer keng Minn verzunn huet, huet den Trump d'islamesch Republik fir 51 Joer Chaos am Mëttleren Osten eleng verantwortlech gemaach. Den Iran dierf nimools Atomwaffe kréien, esou den Trump.

"Ech muss eng grouss Decisioun huelen. Gëtt et en Deal mam Iran, deen hinnen erlaabt, rëm opzebauen a méi grouss ze sinn ewéi jee virdrun? Vläicht dat Gréisst am Mëttleren Osten oder souguer op der Welt? Oder vernichten ech d'islamesch Republik? A maachen dat séier. Loossen hinne keng Chance, jee nach emol Leit a Länner ze zerstéieren? Soll ech se an d'Häll schécken, mat keng Chance z'iwwerliewen a keng Hoffnung op eng grouss Zukunft fir Generatiounen? Mee ech mengen, mir fannen en Accord. Just no de Walen, well et mécht kee Sënn, fir si dat net ze maachen."

Hien huet all déi aner Länner opgeruff, den Iran wirtschaftlech komplett z'isoléieren, bis den Iran ophale géing, op Schëffer ze schéissen an op säin Atomprogramm géing verzichten. Hien huet versprach, datt, wann de Spuk bis eriwwer wier, d'Spritpräisser méi déif géinge falen ewéi se virum Krich waren.

Accord tëscht Russland an Ukrain "méi séier ewéi ee mengt"

Wat de Krich an der Ukrain ugeet, huet hien deklaréiert, datt Russland an d'Ukrain en Accord géinge fannen, "méi séier ewéi ee mengt". Béid Säite géingen 25.000 Leit de Mount verléieren a se hätten es genuch.

Walkampf op der Weltbün

Besonnesch ferm war den Trump nees mat der UNO selwer, déi deels vun enger "globaler lénker Agenda" ënnerwandert wier. Hien huet als Beispill eng Tax op Schëffsverkéier genannt, e geheime Projet vun enger UNO-Agence, deen awer seng Regierung gestoppt hätt. Hien huet ënnert anerem d'Staaten opgeruff, den internationale Strofgeriicht zu den Haag ze verloossen. Der UNESCO, déi sech fir de Schutz vum kulturelle Patrimoine asetzt, huet hie virgeworf, d'Kultur futti ze maachen, andeems se Masse-Migratioun géing ënnerstëtzen. D'UNESCO wier a sengen Aen eng "globalistesch" Organisatioun.

Den Donald Trump huet seng Ried offensichtlech benotzt, fir Walkampf ze maachen – en vue vun de mid-term Parlamentswalen Ufank November, bei deene seng Géigner, d'Demokraten, an de Sondage vir leien. "Amerika ass zeréck an esou staark ewéi nach ni" oder "Amerika ass déi mächtegst Natioun op der Welt", esou e puer vu sengen Aussoen.

AI vun elo un SI

Um Schluss vu senger Ried ass den US-President tëscht Themen hin an hier gesprongen an huet ënnert anerem gefuerdert, datt Kënschtlech Intelligenz vun elo u soll "Superintelligenz" oder "SI" soll genannt ginn.

Hien huet virun allem awer virun engem "globalistesche Projet" gewarnt fir d'KI ze reguléieren. Hien huet behaapt, datt déi Leit, déi virun de Gefore vun der KI warnen, genee déi selwecht wieren ewéi déi, déi virun der Äerderwäermung gewarnt hätten.

Bau vun zwee US-Militärstëtzpunkten a Grönland an zu New York

Den US-President Donald Trump wëll d'Militärpresenz vun de Vereenegte Staaten a Grönland däitlech ausbauen. "Mir wäerten zwee grouss Militärstëtzpunkte bauen", sou den Trump. No senger Ried op der UNO-Vollversammlung huet hie mat de Vertrieder vun Dänemark a Grönland e Sécherheetsofkommes ënnerschriwwen, op dat sech all d'Säiten an de leschte Woche gëeenegt haten.

Kengem Géigner vun den USA wier et domat erlaabt, eng militäresch Presenz a Grönland opzebauen oder ouni eng schrëftlech Zoustëmmung vun den USA do sensibel Investitiounen ze maachen.

Den US-President hat méintelaang ëmmer nees vun enger Annexioun vu Grönland gedreet an domat fir en Eclat ënnert den Nato-Partner gesuergt.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO