Rennwon fir op d’Strooss
Mam GT2 Stradale feiert Maserati net nëmme säi Retour am Rennsport, d’Mark mam Dräizack erméiglecht och de Clienten, de 640 PS staarke Bolid hiert Eegen ze nennen. 60 Kilo spuert d’GT2-Versioun am Verglach mam MC20 an, de Sprint op 100 ass an 2,7 Sekonne geschitt. Manner Rennsport, awer trotzdeem de “pure” Sportsauto kënnt mam MCPura. Verglach mam MC20 goufen de Baussen- a Bannendesign iwwerschafft, de legendären Nettuno-V6 mat 630 PS a 720 Nm gouf awer bäibehalen.