Mat Hëllef vun Toyota
Den Zwillingsbrudder vum bZ4X heescht bei Subaru Solterra a kritt genee wéi bei Toyota ee Facelift. D’Leeschtung klëmmt op nawell sportlech 252 kW, wat den Allrad-Stromer an nëmme 5,1 Sekonnen op 100 sprinte léisst. An engems wiisst mat enger vergréisserter Batterie déi elektresch Autonomie op iwwer 500 km. Net feelen dierfen dann och déi üblech Modifikatioune baussen a bannen. Den neie Solterra huet awer de Wee vu Bréissel nach net bis bei eis gepackt, hien wäert, genee wéi déi aner zwee nei BEV-Modeller, eréischt méi spéit am Joer bei eis ze gesi sinn.