GLB-Zwilling
Den neie smart #5 zitt einfach emol all Regëster. Sief et bei der Technik mat 800-Volt-Technologie a maximal 590 km Autonomie, iwwert Allradundriw, bis zum geraimegen a variabele Banneraum. Do dominéieren iwweregens 3 Displays, een neie Soundsystem vu Sennheiser a maximal 1530 Liter Stauraum.
Waarden op deen “echte” smart
Nach ëmmer ginn d’Fans d’Hoffnung op ee richtege klenge smart net op. A smart ass amgaang, éischt Tester op enger neier Elektroplattform duerchzeféieren. Den zukünftegen #2 wäert also dem fortwo seng Nofolleg untrieden, deemno wéi schonn 2026.