Elektresche Meilesteen
Eleng schonn d’Liese vun den techneschen Donnéeën verroden dem neie Cayenne als richtege Porsche; bis zu 1156 PS a vun 0 op 100 an 2,5 Sekonnen – mir schwätzen net vum Taycan mee vum neie Full-Size SUV. Bis zu 400 kW séier ka geluede ginn, 642 km ginn als Autonomie versprach – deemno dierft de Cayenne säi Status als sportleche Familljen-Auto fir Laangstrecken an awer och emol Offroad behalen. Optesch fält virun allem d’Nues ouni richtege Külergrill op esou wéi hannen dat breet Luuchteband.