Aktualiséiert
Den Astra an d’Kombiversioun Astra Sports Tourer kréien am Kader vun engem Facelift eng nei Kalander mat engem elo beliichten Opel-Blëtz spendéiert. A genee esou stiechen och déi nei Intelli-Lux HD-Pharen mat iwwer 50.000 Elementer an d’A. Bannendran gouf de Confort verbessert, déi nei Intelli-Seats sinn elo ëmmer serieméisseg. Quasi vun der selwechter Renovatioun profitéiert och de kompakte SUV Mokka. Den neien Opel-Blëtz ass den Highlight am Sënn vum Wuert, bannendran gouf den Infotainment opgepeppt esouwéi d’Steierrad an d’Mëttelkonsol iwwerschafft.
OMG! GSE!
Gekréint gëtt d’Gamm elo vum neie Mokka GSE, deem stäerksten Elektro-Opel bis elo. 281 PS an 345 Nm leescht seng Elektro-Maschinn, domat sinn 200 km Spëtzt an de Sprint op 100 a 5,9 Sekonne méiglech. D’Fuerwierk gouf natierlech ugepasst, vun der Rallye-Versioun ofgeleet sinn d’Suspensioun an d’20-Zoll-Rieder. Leider ass de Mokka GSE nach net um Festival ze gesinn.