An eng nei Ronn
Am Déngscht vum Fuerspaass - dat war anscheinend de Motto fir d’Renovatioun vun de Kompaktmodeller 308 an d’Kombiversioun 308 SW. Bei der Optik fält ënnert anerem direkt déi nei Luuchte-Signatur op, déi an Zukunft och aner Peugeot-Modeller equipéiere soll. Ënnert dem Blech gouf de Banneraum iwwerschafft fir nach méi Plaz ze schafen a 4 Motorisatioune si fir den Undriw verantwortlech – wéi och d’Elektroversioun E-308 mat maximal 450 km Autonomie.