MGHybrid-Succès

D’Verkafszuele vun MG weise weider no uewen, besonnesch d’Hybrid-Modeller haten am Joer 2025 grousse Succès.

Fonkelneien SUV

De Star vum Festival ass awer keen Hybrid, mee ee rengen Elektro - SUV, nämlech den MGS5 EV . Fir mat der grousser Konkurrenz matzehalen, krut den S5 vill Talenter mat op de Wee wéi e geraimegen a polyvalente Banneraum esouwéi ee modernen Design. Den Undriw k enne mer aus dem MG4, 170 kW an 350 Nm staark a mat enger Autonomie vu maximal 480 km. Virun allem awer de Präis vun ënner 40.000 Euro soll d ’ Clienten ulackelen. Direkt vum Bréisseler Salon kënnt dann och de fonkelneien MGS6 op Lëtzebuerg. Op der selwechte r Basis, nämlech op der Plattform vum MG4, placéiert den S6 sech eng Kategorie iwwert dem S5, bitt méi Plaz a méi Luxus. An och ënnert der imposanter Karosserie waarden eng relativ grouss 77 kWh - Batterie, 180 kW Leeschtung a maximal 530 km Autonomie.

MG um Internet

Back to Top
CIM LOGO