Am Zeeche vum rouden Elefant
Nom Lancement vun der Mark ass et elo un der Zäit, eng wichteg Bezeechnung nees an d’Liewen ze ruffen; den Ypsilon HF erënnert un d’Zäiten vum Delta Integrale an deem seng Asätz am Motorsport. 280 PS Leeschtung an e Sprint op 100 a 5,6 Sekonnen sinn och net iwwel fir dee klenge Stromer. En plus gouf sech bei de Modifikatiounen un der Bremsanlag, beim Undriff a beim Fuerwierk um Rennsport inspiréiert.