Automag: Am AlldagstestOmoda 9

Akim Schmit
Eng interessant Alternativ zu den etabléierte Marken, woubäi awer nach op munche Plaze muss nogebessert ginn.

Nach virun e puer Joer ware chineesesch Autosmarken op eise Stroossen éischter eng Raritéit. Dat huet sech mëttlerweil geännert, an elo wëll Omoda sech en Deel vum Kuch sécheren. Ob den Omoda 9 iwwerzeege kann, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.

Automag: Omoda 9

Mam Omoda 9 kritt ee virun allem emol e 4 Meter 80 laange Familljen-SUV, dee mat vill Plaz, vill Ekipement a vill Leeschtung punkte wëll. Besonnesch op der Réckbänk gëtt et näischt ze meckeren: vill Plaz fir d'Knéien, eng laang Sëtzfläch an och genuch Raum fir d'Féiss ënnert de viischte Sëtzer. Do kann een och op laange Strecken bequeem sëtzen.

© Akim Schmit
© Akim Schmit

Grouss ass en also. Mee ass en och praktesch?

Net ëmmer, an do fänken déi éischt Widderspréch un. Bannendran ginn et zwar vill kleng Oflagen, mee eng grouss Waasserfläsch kritt een trotzdeem néierens ënner. D'Veraarbechtung mécht op den éischte Bléck e gudden Androck, och wann et hei an do emol knackt. Beim Design wollt Omoda fir mäi Goût awer e bëssen ze vill: verschidde Materialien, vill blénkege Plastik, op deem een all Fangerofdrock gesäit, an e wëlle Mix um Tableau de Bord. Dat wierkt op mech e bëssen onroueg.

© Akim Schmit

Däin éischten Androck ass also gemëscht… wéi mécht e sech dann am Alldag?

Do gëtt et Liicht a Schiet. De groussen Ecran ass gutt ofliesbar an d’Menüe si logesch opgebaut, allerdéngs reagéiert de System net ëmmer esou séier wéi ee sech dat wënscht. Net iwwerzeegt hu mech d'Assistenzsystemer. Déi mussen nach eng Kéier an d'Fahrschoul. Besonnesch déi automatesch Fuerfunktiounen hu bei mir fir Stress gesuergt.

Wéi gesäit et beim Fuerkomfort aus?

Do huet mech den Omoda 9 positiv iwwerrascht. D'Lenkung ass éischter neutral, mee de Chassis ass fir e grousse Familljen-SUV richteg gutt ofgestëmmt. Knubbele ginn propper erausgefiltert, ouni dass den Auto dobäi schwammeg gëtt. Dobäi ass et am Banneraum ganz roueg. Dat passt zum Charakter vum Auto: den Omoda 9 wëll kee Sportwon sinn, mee e komfortabele Reesauto.

© Akim Schmit

Dobäi huet den Omoda 9 awer richteg vill Leeschtung?

Den Omoda 9 kombinéiert en 1,5-Liter-Bensinner mat Elektromotoren a kënnt op eng Systemleeschtung vu 537 Päerd an 650 Nm Dréimoment. Domat ass en a 4,9 Sekonnen op 100. Beim Fuere steet déi Leeschtung awer net permanent am Mëttelpunkt. Den Omoda 9 passt besser zu enger entspaanter Fuerweis, an do spillt och säi Fuerwierk seng Stäerkten aus.

A wéi iwwerzeegend ass de Plug-in-Hybrid am Alldag?

Dat hänkt staark vum Asazprofil of. D’Batterie huet 34,5 kWh a soll fir bis zu 145 Kilometer reng elektresch duergoen. Dat ass fir e Plug-in-Hybrid vill a kann am Alldag interessant sinn, wann een dacks luede kann.

© Akim Schmit

Op der Autobunn dréit sech dat Ganzt: do brauch en net nëmme vill Stroum, mee zousätzlech och Bensinn. An och beim Lueden war ech net ganz iwwerzeegt: bei mengem Test huet en doheem mat ronn 4 kW gelueden. Um Schnelllueder goung et kuerz bis op 75 kW erop, d’Leeschtung ass awer relativ séier nees erofgaangen.

© Akim Schmit

Däi Fazit?

Den Omoda 9 bitt vill Plaz, héije Komfort an e gelongent Fuerwierk. Fir 52.900 Euro kritt een vill Auto fir säi Geld. Wien awer vill Autobunn fiert, soll de Verbrauch am A behalen. Fir vill aner Chaufferen ass en eng interessant Alternativ zu den etabléierte Marken.

© Akim Schmit

Back to Top
CIM LOGO