Schoulkanner vu Gilsdref1.500€ fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner
D'Schoulkanner vu Gilsdref hu sech op hirem Summerfest a Chrëschtmaart staark gemaach, fir hir Solidaritéit mat Kanner ze weisen, deenen et net esou gutt geet.
Verëffentlecht: 18.12.19 13:11, Update: 18.12.19 13:13
Si hu mat vill Freed an Asaz hir Saache verkaf an esou eng Spend gesammelt an Héicht vun 1.500€, déi si an engem flotte Kader un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht hunn.