Ee Projet, dee "bësse verréckt ass"Hien huet säin Haus selwer gebaut... aus Stréi!

Romain Van Dyck
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Ee Lëtzebuerger hat d'Iddi, fir säin Haus selwer ze baue mat natierlechem Material: Holz, Stréi, Leem a Kallek. De Marc Neu ass iwwerzeegt dovunner an deelt säi Wëssen och am Kader vun enger Formatioun mat Leit aus dem Bausecteur, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn.
Hien huet säin Haus selwer gebaut... aus Stréi!
Wéi een natierlecht Material am Bau vun Haiser notze kann, weist de Marc Neu am Kader vun enger Formatioun vum CNFPC

"Eng Bott aus Stréi wéi déi hei, ongeféier 1 Meter 10, dat kascht 5 oder 6 Euro d'Stéck. Ech hu mäi ganzt Haus domadder isoléiert fir 6.000 Euro! Dat ass wierklech net vill. Keng Isolatioun kann deen Tarif iwwertreffen", garantéiert de Marc Neu.

De Lëtzebuerger huet säin Haus selwer gebaut. A wéi wann dat nach net géif duergoen, huet hien entscheet op vill vun deene Materialien, déi haut modern sinn, ze verzichten - Zillen, Gipseplacken, Styropor a sou weider. "Ech si verléift an d'Baue mat Stréi", erkläert de Marc mat engem grousse Laachen.

Ee Projet, dee bësse verréckt ass? "Komplett", gëtt hie selwer zou. Mee deen och op vill Interesse stéisst. Dovunner konnte mir eis selwer iwwerzeegen an engem groussen Hangar zu Colmer-Bierg, an enger Annexe vum Centre National de Formation Professionnelle Continue (CNFPC), dee säi Sëtz zu Ettelbréck huet. An deem Hangar hu mir de Chantier vun esou engem "nohaltegen Haus" gewise kritt. Et ass am Moossstaf 1:1 nogebaut ginn.

D'Missioun ass et am Kader vun der Formatioun dëst Haus aus natierleche Materialien ze bauen. Et kann fir all Formatioun nees opgebaut an och nees ofgebaut ginn. De Virdeel ass, dass bei dëser Bauweis ganz wéineg Offall entsteet, deen een net recycléiere kann.
D'Missioun ass et am Kader vun der Formatioun dëst Haus aus natierleche Materialien ze bauen. Et kann fir all Formatioun nees opgebaut an och nees ofgebaut ginn. De Virdeel ass, dass bei dëser Bauweis ganz wéineg Offall entsteet, deen een net recycléiere kann.
© RTL

"Fir mech ass den nohaltege Bau, de Rolls-Royce ënnert den Haiser."

Wärend 21 Deeg hunn 8 Persounen op dësem Chantier vun engem Eefamilljenhaus aus Holz, Stréi, Kallek a Leem matgeschafft. D'Haus gëtt am Kader vun der Formatioun gebaut, ier et nees demontéiert gëtt. De Marc ass dobäi de Chef d'Orchestre: "Et sinn alles Leit, déi no enger Aarbecht sichen. Et si Bauzeechner, Maurer, Ingenieuren, Studenten,... D'Iddi ass et, fir hiren Horizont ze erweideren, andeems een hinne weist, wat nohalteg bauen ass", erkläert hien.

An et dierf ee keng Angscht hunn, sech knaschteg ze maachen! Hinne stoung och eng Sprëtzmachinn fir de Botz zur Verfügung. Dat ass eng Zorte Reservoir, deen ee fëlle kan mat flëssegem Leem a mat deem een dann op d'Maueren aus Stréibotte ka sprëtzen. "De Leem ass ee faszinante Produit. Wann s du amgaange bass de Botz mat Leem ze maachen an däi beschte Kolleeg kënnt laanscht eng Béier drénken. Da kanns du d'Schaffmaterial leie loossen an et den Dag duerno bëssen befiichten an dann nees benotzen. Wann s du dat selwecht mat Bëtong géifs maachen, kéints du alles wechgeheien: deng Spachtel, deng Betonnière,... alles wär dréchen a fest", begeeschtert sech de Marc viru senge Schüler.

D'Rubia Machado (lénks) mat der Maschinne fir de Botz ze sprëtzen an der Hand.
D'Rubia Machado (lénks) mat der Maschinne fir de Botz ze sprëtzen an der Hand.
© RTL Lëtzebuerg

"Een Haus aus Holz ze baue mat Material, dat esou nobel an einfach ass, wéi Holz, Stréi a Leem, fir mech, ass dat de "Rolls-Royce ënnert den Haiser." Also jo, mat Bëtong a Polystyrol kann ech och ee gutt Resultat a Saachen Energieeffizienz kréien, mee wann et dorëms geet, Ressourcen ze schounen, ass een nohaltegt Haus net ze schloen", bestätegt hien. "Well et ass eng gesond Konstruktioun vun a bis z. Den Dag, un deem ech esou een Haus demontéiere muss, hunn ech 90 Prozent ontraitéiert Holz a Stréi, a Leem, ech hu praktesch näischt, wat ech misst op den Dreckstipp bréngen."

Mir schwätze mat engem vun de Participanten, dem Houssem Eddine Drici, hie kënnt aus Algerien an huet ee Masterdiplom an Energieeffizienz vun der Uni Lëtzebuerg: "Ech maachen dës Formatioun am Kader vun engem Programm vun der ADEM. Déi Konstruktioun weist, dass et méiglech ass, fir Gebaier ze bauen, déi a Saachen Energie ganz gutt ofschneiden. An Algerien, hu mir vill esou Gebaier aus Steng, Buedem a sou weider. An do mierkt ee gutt, dass mat dëse Materialien d'Temperature natierlech an zu all Joreszäit reguléiert ginn, ouni, datt et néideg ass ze heizen oder ze lëften."

An d'Feier? D'Fiichtegkeet? Nager?

"Et gëtt dräi klassesch Virurteeler, wann et ëm d'Bauen mat Stréi geet: Et brennt, et vergammelt an et zitt Mais un", faasst de Marc zesummen. Deene Virurteeler wëll hie widderspriechen: "Jo, Stréi, dat brennt, wéi Holz a Pobeier, a wéi Polystyrol iwwregens och. Mee probéier ee Bamstamm mat engem Briquet unzefänken? Et ass de selwechte Prinzip hei: d'Stréibotte sinn esou fest, esou kompakt, et ass net genuch Sauerstoff do fir et unzestiechen."

"A wat de Risiko fir Schimmel ugeet, et sollt net geschéien, wann een eng gutt Qualitéit huet. Also wann do Fiichtegkeet ass, da läit de Probleem dobäi, dass ee schlecht Botten huet oder um Niveau vun der Konstruktioun selwer...", seet hien, an zitéiert Beispiller vu ville Gebaier, déi aus Holz a Stréi gebaut sinn - Wunngebaier, Kierchen, déi ouni Probleemer Joerhonnerten iwwerdauert hunn.

De Marc Neu virun enger Mauer mat enger Isolatioun aus Stréi a Couchen aus Leem.
De Marc Neu virun enger Mauer mat enger Isolatioun aus Stréi a Couchen aus Leem.
© RTL Lëtzebuerg

Wéinst Nager, déi kéinten un de Reschter vun den Kären aus dem Stréi knabberen, gleeft hien net, dass dat ee Probleem kéint ginn, "wéinst der Dicht, dem Gerüst aus Holz an dem Botz, an ausserdeem mat deene moderne Maschinnen an der Landwirtschaft dierfte keng Käre méi am Stréi sinn. Ech soen ëmmer, dass et méi warscheinlech ass d'Mais Iwwerreschter vum Cornflakes an der Kiche fannen, wéi Kären an der Stréibott."

An d'Hëtzt an Haiser aus Holz am Summer? "Dat ass effektiv eng Erausfuerderung. Et muss een d'Haus gutt gestalten, den Typ vun der Fassade a Funktioun vun der Ausriichtung auswielen... Mir benotze besonnesch Steng aus Leem, well si Mass liwweren an hëllefen, d'Temperatur an d'Fiichtegkeet ze regléieren."

Hie präziséiert nach: "A mengem Haus gëtt et een Huelraum vun 80 cm, dee ventiléiert ass an dee mech viru Fiichtegkeet, Radongas a Termite schützt."
Dat trëfft sech gutt, well dat ass den nächsten Halt op eisem Tour...

Méi gesond, awer och méi deier!

Dem Marc Neu säin Haus ass nach net fäerdeg, och wann déi gréissten Aarbechte gemaach sinn.
Dem Marc Neu säin Haus ass nach net fäerdeg, och wann déi gréissten Aarbechte gemaach sinn.
© RTL Lëtzebuerg

Et ass 16:30 Auer an de Formatiounsdag geet fir dem Marc seng Schüler op en Enn. Mir begleeden hien op säi méi perséinleche Projet: säin Haus aus Stréi. Et ass do, wou hien déi lescht dräi Joer vill Zäit verbruecht huet, Summer wéi Wanter, fir d'Haus vun 200 m2 aus Holz, Stréi a Leem ze bauen. "Et muss ee bësse verréckt sinn, fir dat ze maachen, nieft dem ganze Rescht", seet hien. Hien ass viru puer Deeg erageplënnert. De Chantier ass nach net fäerdeg: et bleiwen nach Klengegkeeten, déi méi oder manner dréngend sinn - D'Holzverkleedung op der Fassade, d'Mauere verbotzen, d'Fënsterrumme fäerdeg maachen.
"Mäin Energielevel ass bëssen niddreg, ech muss dee rëm opfëllen, ier ech rëm attackéiere kann. An et och net wéineg Sacrificë bedeit vis-à-vis vu menger Famille a menge Frënn... Mee d'Resultat ass do. Ech sinn houfreg. Ech hunn Erfarunge gesammelt. Och a menger Fonctioun als Formateur fir d'nohalteg Bauen. Ech hu gewisen, dass ech bësse weess vu wat ech schwätzen", laacht hien.

Bannen a sengem Haus ass iwwerall Holz. Dacks onverschafft, just mat Ueleg behandelt. An der Trapp, déi op den éischte Stack geet, gesäit ee souguer den Holzbuedem, deen aus Holzdunne gemaach ass, ouni Pech ass e mat grousse massiven Holzdübel mateneen verbonnen. Weider ënnen plangt de Marc eng Mauer opzemaachen, fir eng "vitre de vérité" anzebauen an där een d'Stréi-Konstruktioun gesäit.

Zanter deem hien a seng Famill geplënnert sinn, genéisse si et hei zu wunnen. "Mir fillen eis wuel hei. Virdrun hu mir an engem alen Haus aus Steen zu Useldeng gewunnt an et war eis ëmmer kal. Hei hu mir een Uewen, deen duergeet, fir dat ganzt Haus ze hëtzen."

De Marc Neu weist op eng vun den Dunnen aus Holz, déi een am Haus gesäit.
De Marc Neu weist op eng vun den Dunnen aus Holz, déi een am Haus gesäit.
© RTL Lëtzebuerg

Do bleift d'Fro, déi jidderee sech stellt: d'Käschte vun engem nohaltegen Haus. "D'Käschte si méi héich, wéi bei engem konventionellen Haus, dat ass logesch. Mir bauen net genuch mat Holz a Stréi, fir kënnen a Konkurrenz ze stoen mat traditionellen Betriber. An d'Handwierk kascht zu Lëtzebuerg vill: eng Stréibott ze beweegen, kascht méi deier wéi ee Panneau aus Polystyrol ze pechen, ausser et mécht een déi Etapp selwer oder mat Frënn."

Dat dogéint ass ee Virdeel bei dëser Bauweis: Et vereinfacht et och selwer eppes ze maachen, "well eng Mauer aus Stréi mat Leem ze botzen ass keng "rocket science", et ass einfach." Mir froen no sengem finale Budget: "Vu, dass ech bal 90 Prozent vun den Aarbechte selwer gemaach hunn, misst ech mech ronderëm 450.000, 500.000 Euro dréie fir een Haus vun 200 m2. Dat wären tëscht 2.000 an 2.500 Euro de m2, wat ënnert de Lëtzebuerger Tariffer läit", déi leien am Duerchschnëtt tëscht 2.500 an 4.000 Euro de m2 (ouni den Terrain).

"All déi "Merten", déi wonnerbar Energiepäss kréien"

Zu Lëtzebuerg ass et obligatoresch een Energiepass (CPE) ze hunn, wann ee verkeeft, verlount, renovéiert, erweidert oder ee Wunnhaus baut. Dat begréisst de Marc zwar, mee et misst een oppassen, keen "greenwashing" ze bedreiwen : "Ech si Beroder an Energiefroen zanter 20 Joer. Ech hu vill nei Gebaier gesinn, wou bei der Renovatioun den Accent op d'Energieeffizienz geluecht gouf. Wat ganz gutt ass, et muss een ophalen ze verschwende wéi virdrun. Mee et gi verschidde Weeër, fir dohinner ze kommen. Et kann een Haiser aus Bëtong a Polystyrol bauen, oder et kann een et mat natierleche Materialie bauen, wéi ech."

Hie gesäit de Probleem mat konventionellen Haiser follgendermoossen: "Et kuckt ee wéi den Energieverbrauch vum Gebai ass, wann et gebaut ass. Mee et vergësst ee komplett dat mat anzerechnen, wat virdrun an duerno geschitt. D'Ausgruewe vun de Ressourcen, den Transport, d'chemesch Verschmotzung an duerno och de Recyclage um Enn vum Material sengem Liewen... Et misst een et wéi déi indigene Volleke maachen: Ee Produit léinen aus der Natur an et nees zréckginn, wann ee stierft. Mee mat Bëtong a Polystyrène, syntheetesche Faarwen, Moussen an all déi "Merten", déi wonnerbar Energiepäss kréien, si mir ganz wäit dovunner fort. Mir sinn amgaangen, eise Planéit ze zerstéieren, wärend mir denken, dass mir e rette mat Haiser, déi A+ klasséiert sinn."

Back to Top
CIM LOGO