Zanter en Donneschdeg huet Lëtzebuerg offiziell en Nike Store. Dësen erstreckt sech op der Cloche d'or op zwou Etagen iwwer eng Fläch vun 1.360 Meterkaree.
Nieft deene verschiddene Gamme vun Nike, fënnt een am Buttek och eng Méiglechkeet, fir seng al Nike-Saachen ofzeginn, fir dass dës kënne weiderverwäert ginn.