Dëse Weekend stoung Nouspelt ganz am Zeeche vun Ouschteren. Ugefaange mat engem Concert vun der Band Providers um Samschdeg an dem Bal mat den "The Noisemakers" e Sonndeg am grousse Festzelt.
Op Ouschterméindeg konnte Sammler an Interesséierter vun 10 Auer un déi schéinst Péckvillercher an aner Äerdewueren op de ville Stänn zu Nouspelt kafen.
Déi traditionell Emaischen zu Nouspelt
Och zu Nouspelt gouf op Ouschterméindeg déi traditionell Emaischen organiséiert.
D'Kanner konnte sech op vill Animatioun mat ënner anerem dem Ouschterhues, Sprangschlässer a Face-Painting freeën.
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Méi Detailer an de Programm um Site vun der Emaischen.