Fro den AffekotDe Kampf ëm de Ligestull

Bob Konsbruck
Däerf ech an der Vakanz eng Plaz bei der Piscine reservéieren oder en Handduch ewechhuelen?
© Roberto Nickson on Unsplash

Dës Kéier war de Radio mam Maître Jean-Jacques Schonckert an der Vakanz.

D'Bild kennt bal jiddereen: scho moies fréi sinn d'Ligestill um Pool oder op der Plage mat Handdicher “reservéiert”. Wien net fréi genuch opsteet, geet dacks eidel aus. Mä dat ka juristesch Konsequenzen hunn.

E rezent Urteel aus Däitschland huet fir Opmierksamkeet gesuergt: e Mann, dee fir iwwer 7.000 Euro eng Pauschalrees op der Insel Kos gebucht hat, krut ronn 1.000 Euro zeréck. Grond war, datt keng Ligestill fräi waren, well se scho géint 6:00 Auer moies blockéiert goufen. D'Geriicht huet dat als "Reesmanktem" ugesinn.

Dës Situatioun ass och am lëtzebuergesche Recht gereegelt. Laut dem Code de la consommation ass den Tour-Operateur responsabel dofir, datt d'Vakanz esou ofleeft wéi ugebueden. Dat heescht: net den Hotel, mee de Reesorganisateur muss reagéieren, wann et Problemer ginn.

Konkret heescht dat: Wann d'Clienten op der Plaz keng fair Méiglechkeet hunn, eng Ligestull ze kréien – beispillsweis well alles permanent reservéiert ass – muss den Operateur intervenéieren. Mécht hien dat net, kann dat als Manktem ugesi ginn.

Wéi vill kann een zeréckkréien?

An esou Fäll kënne Vacancieren eng Entschiedegung fir “entgangene Urlaubsfreuden” verlaangen. Als Orientéierung gëllen an der Praxis heiansdo bis zu 15 Prozent vum Präis vun der Rees.

Wichteg: Beweiser sammelen

  • Problemer op der Plaz mellen (Guiden oder Receptioun)
  • Fotoe maachen a Situatioun dokumentéieren
  • Nom Retour eng schrëftlech Reklamatioun un den Operateur schécken

Dëse muss dann bannent enger gewëssener Frist (normalerweis ronn dräi Méint) äntweren.

Net selwer Schold hunn

Wichteg ass awer och: Wie selwer Ligestill reservéiert, ka sech dono schwéier beschwéieren. Eng Entschiedegung gëtt et just, wann ee selwer näischt zur Situatioun bäigedroen huet.

Fazit

D'Handduch-Reservatiounen um Pool si méi wéi nëmmen en Trend, deen nervt – si kënnen och juristesch relevant sinn. Wéi d'Urteel weist, kënne betraffe Leit effektiv Suen zréckfuerderen, wann d'Vakanz duerch esou Praktike wesentlech beaflosst gëtt.

Back to Top
CIM LOGO