D’Léa Linster gehéiert zu de bedeitendste Figuren an der Lëtzebuerger Gastronomie. Gebuer am Joer 1955 huet si sech an enger Zäit duerchgesat, wou d’Haute Cuisine nach staark vu Männer dominéiert war. Zu Fréiseng hat si hire Restaurant, dee séier wäit iwwer d’Grenzen eraus bekannt gouf. 1989 gëtt si als bescht Kächin op der Welt ausgezeechent mam Bocuse d’Or.
Haut ass si an der Pensioun, mee ganz lassloosse ka si net. Beim Palais an an hirem Madeleinesbuttek ass si nach ëmmer present.
“Ma hei ass fir mech déi schéinste Plaz, also d’Pensioun ass jo schéin, well dann duerno duerf een dat maachen, wat ee wëll […] a wat mécht een dann, wat een am léifste mécht, dat si meng Madeleinen.“
De Louis Linster ass an der Welt vun der Gastronomie opgewuess. D’Kiche war fir hien net Kuliss, mee Alldag: “Also ech kenne jo am Fong näischt aneres, ech sinn hei grouss ginn. [...] Ech si sou opgewuess. Ech weess net, wéi dat anescht ass.“
De Restaurant zu Fréiseng ass iwwer Joren eng Referenz bliwwen an och haut nach am Guide Michelin vertrueden, elo mam Louis Linster mat zwee Stären: “Ech sinn zefridden, sou wéi bis elo alles gelaf ass, am Geschäft wéi am private Liewen.“
D’Gastronomie bedeit Disziplin an och Verzicht. “Ech hunn net wierklech Zäit bei menger Mamm ze goen. Ech hunn emol knapps Zäit, meeschtens doheem ze sëtzen“, seet de Kach a beschreift en Alldag mat vill Stress an engem stramme Rhythmus.
Fir d’Léa Linster ass dat näischt Ongewéinleches. “Dat gehéiert zum Métier hei. An dat Kachen, wann een et richteg gutt wëllt maachen, dann ass dat Stress.“
Fir datt et am Restaurant owes perfekt leeft, misst hannert de Kulissen intensiv geschafft ginn. D’Geschicht vun der Famill Linster ass eng Geschicht vu Passioun, vill Aarbecht a Vertrauen. Si huet bei der Léa Linster ugefaangen a geet mam Louis Linster an eng nei Zäit.