AarteschutzSicona wëll d’Ausstierwe vun der Giel-Bauch-Onk verhënneren

Anouk Siebenaler
Zu Ollem gi Giel-Bauch-Onken opgezillt a spéider an der Natur ausgesat. D'Zil ass et, d'Populatioun vun der menacéierter Amphibienaart ze stäerken.
Sicona wëll d'Ausstierwe vun der Giel-Bauch-Onk verhënneren
Zu Ollem gi Giel-Bauch-Onken opgezillt a spéider an der Natur ausgesat. D'Zil ass et, d'Populatioun vun der menacéierter Amphibienaart ze stäerken.

Just nach op dräi Sitte kann d'Giel-Bauch-Onk zu Lëtzebuerg nogewise ginn. Fir d'Populatioun ze stäerken an engem Ausstierwen entgéintzewierken, zillt den interkommunale Verband Sicona zu Ollem déi rar Amphibienaart op.

Am Fréijoer goufen dofir zéng erwuesse Giel-Bauch-Onken aus Däitschland opgeholl. Hire Läich gëtt gesammelt an doraus entwéckele sech an iwwerwaachte Waasserbehälter d'Kauzekäpp. No ronn zwee Méint ginn déi kleng Déieren op passend Sitten ausgesat. Wéini dat geschitt, hänkt ënner anerem vun hirer Entwécklung, dem Wieder an de Waasserstänn of.

"D'Wieder huet och e groussen Afloss op hir Entwécklung: D'Period vu wann d'Ee geluecht gëtt, bis dass se schlüpfen, kann tëscht zwee an zéng Deeg variéieren. An et ka vu 37 bis 67 Deeg daueren, ier se déi hënnescht Patte kréien", erkläert d'Liza Glesener, Biologin a wëssenschaftlech Mataarbechterin beim Sicona.

E Liewensraum, deen ëmmer méi rar gëtt

Ee vun de Problemer fir d'Giel-Bauch-Onk ass hire Liewensraum. Si brauch flaach, temporär Gewässer. Déi kënnen an dréchene Periode séier komplett ausdréchnen – besonnesch an de Méint, an deenen d'Kauzekäpp sech entwéckelen.

D'Sicona leet dofir nei Gewässer un a passt se un d'Besoine vun der Aart un. Nieft gegruewe Mulde kommen och speziell Onkebecken zum Asaz, an deenen d'Waasser méi laang gehale gëtt. Wann néideg, ginn d'Gewässer zousätzlech mat Waasser gefëllt.

Den Erfolleg ass net garantéiert

D'Opzuucht an d'Aussetze vu gefäerdeten Aarte gehéiert zanter méi wéi zéng Joer zum Aarbechtsberäich vum Sicona. Beim Heckefräsch huet dës Method scho Resultater bruecht: Vun engem eenzege Standuert huet sech d'Aart mëttlerweil op méi wéi 100 Gewässer verbreet.

Bei der Giel-Bauch-Onk sinn d'Chancë méi schwéier anzeschätzen. Bei engem fréiere Versuch, fir d'Aart unzesidelen, goufen eng ronn 1.000 Déieren ausgesat, dovunner sinn der ongeféier 100 ukomm. Dréchent, Raubdéieren an d'Konditiounen um jeeweilege Site spillen eng wichteg Roll.

An de kommende fënnef Joer wëll Sicona all Joer op ee bis zwee weidere Site Giel-Bauch-Onken usetzen. Esou soll d'Populatioun vun der rarer Amphibienaart zu Lëtzebuerg nohalteg gestäerkt ginn.

Back to Top
CIM LOGO