De Storch ass aktuell am Grand-Duché, a wéi et schéint, fillt e sech ganz wuel hei. Och den Naturfotograf Bob Bertemes ass begeeschtert vun der grousser Unzuel vu Storchen, déi grad zu Lëtzebuerg en Tëschestopp maachen. Hie krut och vu ville Leit Fotoe geschéckt. Déi éischt schéinen am Pommerlach opgedaucht ze sinn, esou seng Informatiounen:
"Et sinn der e bësse méi wéi 100 Stéck anscheinend. Dat ass e ganz grousse Grupp fir Lëtzebuerger Verhältnisser. Also et gesäit een der ëmmer mol, datt der duerch zéien. Mee dat do ass wierklech en exzeptionell grousse Grupp, deen och relativ fréi ënnerwee ass. Mee et ass héchstwarscheinlech wéinst der Dréchent, wou d'Déieren e bësse méi fréi ufänken, sech ze beweegen, well se net méi esou vill Narung do fannen, wou se eigentlech sinn. An da maache se sech vläicht e bësse méi fréi op a Richtung Süden."

Zejoert hate mer en änlecht Phenomeen, an do ware se ronn zwou Woche méi spéit hei am Grand-Duché ukomm. Deemno ginn et bei de Gewunnechte vun den Déieren och Verännerunge baséierend och op der Meteo an un der Disponibilitéit vun Narung:
"Jo, ech mengen, also de Wäisse Storch ass ee Kulturfollger, a wéi mer dat nennen, si si gäre bei de Mënschen a si sichen awer am Fong fiicht Wisen, wou se dann do Wierm, Mais, Fräschen, esou Saachen iessen. Mä well wéi se esou dréche sinn, komme se mat hirem Schniewel och scho mol guer néierens méi duerch. Wierm si souwisou keng méi do, déi zéie sech esou déif an de Buedem eran, Fräschen, alleguerten d'Weieren an esou, déi sinn ausgedréchent. Dann ass e bësse Narungsknappheet do an dat mécht eeben dann, datt se vläicht e bësse méi fréi dru sinn, fir sech op hire Wee a Richtung Süde ze maachen."
Och de Reen vun e Méindeg den Owend kéint eng Roll gespillt hunn, dass se elo bei eis en Tëschestopp gemaach hunn. Angscht viru Leit hu se op alle Fall net. Dat huet och eise Kameramann festgestallt, wou e Fotoe vun den Déiere gemaach huet.
"Si ginn och ganz gären do, wou de Bauer grad amgaangen ass ze plouen oder iergendwellech Landwirtschaftsaktivitéit ass, datt se dann dovunner wëlle profitéieren. De Reen elo, deen huet virun allem héchstwarscheinlech gemaach, datt se erofgedréckt goufen. Si fléien natierlech net esou gär, wann en Donnerwieder ass oder wa Reen ass. An da sëtze se sech, a wa se dann eng Plaz fonnt hunn, wou se dann ebe vläicht e bëssi Narung fonnt hunn, da bleiwe se och gären do, fir hir Reserven erëm e bëssi opzefëllen... datt se e bësse Fettreserve rëm sech ufriessen an da kann et emol sinn, datt se wärend e puer Deeg, vläicht souguer e puer Wochen, wann d'Bedéngungen elo hei gënschteg sinn, wäerten hei verbleiwen, bis se da weiderfléien."

Wéi dacks d'Storchen op hirem Wee Richtung Süden en Tëschestopp maachen, hänkt ëmmer vun de Wandbedéngunge respektiv de Wiederbedéngungen of. Wann déi gënschteg sinn, fléie se och alt emol e puer honnert Kilometer um Stéck.
Ma et mierkt een och, dass vill Storchen duerch de Klimawandel guer net méi sou wäit zéien, wéi se dat soss alt emol gemaach hunn. Soss si se all bis eriwwer an Afrika geflunn. Wann de Wanter net all ze haart ass, kënnt et mëttlerweil och emol vir, dass se carrement ganz hei bleiwen.
"Et huet ee mol och am Wanter scho Wäissstorchen a Lëtzebuerg gesinn oder och bei eisen Nopere sinn op verschidde Plazen, wou Storche wierklech och iwwerwanteren. An datt se just esou eng lokal Dispersioun maachen, mee ouni datt se wierklech ganz ganz wäit méi zéien – dat, wat se traditionell gemaach hunn. An dowéinst ass et och schwéier ze soen, wou fléien déi do elo hin? Fléien déi bis an Afrika? Fléien déi iwwert d'Sahara? Oder bleiwen déi a Südfrankräich? Oder vläicht souguer hei an den Ecker, wann de Wanter elo sollt guer net haart ginn? Mee dat ass nach ganz fréi, fir dat ze soen."
Wann de Storch hei am Land ass, héiert een elo net, dass en onbeléift wier. Éischter am Géigendeel. Och d'Baueren hu weider kee Schued, well se jo just e puer Mais oder e puer Wierm aus de Wisen a Felder friessen.
"Et héiert een a verschiddene Gemengen, wou der ganz, ganz vill sinn, wou se dann op den Diech vun de Leit bréien, datt se do natierlech e bëssi Kaméidi maachen, dat typesch Storcheklapperen, wat ee scho mol héieren huet. An natierlech baue se e risegrousst Nascht op engem Daach an do kann dat da vläicht e bëssi nerveg sinn. Mee ech mengen, et ass ee Symbol vum Gléck, de Wäisse Storch an et seet e jo ëmmer si géifen d'Kanner bréngen. Dat heescht, am Prinzip sinn d'Leit immens, immens frou, wa se ee Wäisse Storch gesinn. An dat mierkt een och un de Reaktiounen, déi ech, an Dir jo och da kritt hutt, datt d'Leit immens begeeschtert dovunner sinn, fir esou ee Stuerk ze gesinn. An dat ass mengen ech och iwwerweiend da bei de Baueren, datt déi éischter frou sinn, wéi datt se do soen, déi géifen iergendwou e Problem maachen."