D'Userin Manette Schon zielt eis, si hätt eng Kaz mat hire 5 Bëbeeë bei sech an der Garage gehalen, bis se all al genuch wiere fir fort. Souwuel d'Mamm wéi och d'Bëbeeë ware schonn all vermëttelt. E Samschdeg de Moie waren da potenziell nei Besëtzer op Visitt bei der Manette Schon, déi op der Sich no enger klenger Kaz waren. Dunn de Schock: Eng vun de Kazen huet gefeelt. Séier konnt se awer fonnt ginn, se souz fest an engem Rouer am Garage. D'Manette Schon huet de CGDIS geruff, ma och de Secouriste war et uganks net gelongen, d'Déier ze befreien. Réischt wéi am Garage d'Bëtongsdall opgebrach gouf an d'Retter erausfanne konnten, wou d'Rouer erauskënnt, konnt d'Bëbeekaz befreit ginn. An hirem Facebookpost verréit d'Manette Schon dann, wéi de klengen an Zukunft heesche wäert: Joe, sou wéi een Asazmember aus der CGDIS-Ekipp, deen un der Rettung bedeelegt war.