
Sechs asiatesch Schwaarzbiere sinn aus Südkorea op Knuthenborg an Dänemark geflu ginn. Den Déiere war jorelaang a Gefaangenschaft e Sekret aus der Galeblos ofgeholl ginn, dat an der traditioneller asiatescher Medezin benotzt gëtt. Et ass déi éischte Kéier, datt där Bieren an Europa relogéiert gi sinn.
Nodeems d'Bieren déi leschte Méint an engem Hëllefszenter opgepäppelt an op e Liewen ouni Exploitatioun preparéiert gi waren, si se an en dänesche Safari-Park komm. Do wäerten se an den nächste Wochen individuell iwwerwaacht an encadréiert ginn, éiert se prett si fir eraus op de wäitleefegen Terrain vum Park gelooss ze ginn.
D'Rettungsaktioun ass vu verschiddenen internationalen Organisatiounen duerchgefouert ginn a baséiert op jorelaanger Kooperatioun. Si hunn et sech zur Aufgab gemaach, de Bieren eng zweet Chance an de Raum an d'Méiglechkeet ze ginn, einfach Bieren ze sinn. A besonnesche Containere si se, gratis, vun der Cargolux op Lëtzebuerg geflu ginn, éier et mam Camion weidergoung an Dänemark an hir nei Heemecht. Dem President a CEO vu Cargolux Richard Forson no wier et hinnen e besonnescht Uleies gewiescht, dëse Bieren en neit a friddlecht Doheem ze ginn.
No méi wéi 50 Joer hat déi südkoreanesch Regierung eréischt ugangs 2026 déi sougenannte "Bile Bear Farms" verbueden, an deene sëllegen Déieren a klenge Käfeger gehale ginn, fir hinnen déi besote Flëssegkeet ofzehuelen. Méi wéi 100 där Biere liewen de Moment nach an temporärer Opfangstatiounen a Südkorea an hoffen do op e bessert Liewen.