Op de Biller ass ze gesinn, wéi eppes iwwer 50 Storchen op engem Feld stinn, net wäit vun engem Trapp Kéi fort a mat enger Wandmillen am Hannergrond.
De Fernand Simon, deen d'Déieren erbléckst huet, sot RTL géigeniwwer, d'Déiere wiere schonn e Samschdeg den Owend tëscht 21 Auer an 21:30 Auer an der Wiss gelant. E Sonndeg de Moien huet hie sech d'Storchen du fir d'éischt emol mat der Spektiv ugekuckt, ier hie se fotograféiere war.
Och d'Sandra Differding huet d'Storchen e Samschdeg den Owend an e Sonndeg de Moien zu Hengescht gesinn a fotograféiert.
Et ass ee Phenomeen, deen een zu Lëtzebuerg net all Dag gesäit. Ma schonn Ufank des Mounts waren eng 30 wäiss Storchen an engem Feld tëscht Bëttel a Furen gesi ginn. Wéi den Naturfotograf an Athlet Bob Bertemes eis deemools an engem Interview sot, mussen d'Storche bei hirer Rees an de Süden ëmmer emol nees en Tëschestopp aleeën - an anscheinend gefält et hinnen am Grand-Duché dofir ganz gutt.
Hutt Dir de Weekend och Storchen zu Lëtzebuerg erbléckst? Schéckt eis d'Biller iwwer d'Mail meteo@rtl.lu eran!