"Gnodenhaff" an DäitschlandHei fanne Päerd, Iesel a Schof en Doheem, wa keen anere se méi wëll

Lea Schwartz
E puer Kilometer hannert der Lëtzebuerger Grenz an Däitschland bei Newel läit de Päerdshaff Atlantis. Hei këmmert ee sech ëm ronn 60 Päerd, e puer Ieselen, Schof, Hénger an aner Notzdéieren.

Op den éischte Bléck ass et ee Päerdshaff wéi all aneren. Op verschiddene Wise lafe Päerd an alle Gréissten a Faarwen an et gi Reitstonne fir Kanner an Erwuessener ugebueden. Et ass awer och eng Plaz, op déi d'Déieren, déi soss kee méi wëll, kënnen hikommen – ee Gnodenhaff. 

E puer Kilometer hannert der Lëtzebuerger Grenz an Däitschland bei Newel läit de Päerdshaff Atlantis. Hei këmmert ee sech ëm ronn 60 Päerd, e puer Ieselen, Schof, Hénger an aner Notzdéieren.  Dohannert stiechen eng däitsch Stëftung an eng Lëtzebuerger ASBL. Ugefaangen hu si am Joer 2007 an hu sech virun allem ëm méi kleng Déiere gekëmmert wéi Hënn a Kazen. Ëmmer nees krute si och nees Fäll an deene méi grouss Déiere gehollef misste kréien. Doropshin hu si 2014 de Päerdshaff iwwerholl an de Gnodenhaff gegrënnt. 

Zu de Päerd, déi hei liewen, gehéieren och eng ganz Partie Déieren, déi méi al sinn a vill extra Fleeg an heiansdo och Medikamenter brauchen. Dat kascht vill Suen, si finanzéiere sech ënner anerem duerch Reitstonnen, mat deene Päerd, déi nach jonk a fit genuch sinn, Patenschaften a Spenden. 

Net all Déier, dat hei lieft, kënnt onbedéngt aus schlechter Haltung. Heiansdo kënnen d'Proprietären si einfach net méi halen, aus ënnerschiddleche Grënn. Mol kritt d'Päerd selwer eng Krankheet, wou de Besëtzer sech d'Behandlung an d'Fleeg net leeschte kann oder et vum Opwand hier net méi hikritt. Heiansdo läit et net um Päerd, mee d'Proprietäre gi krank a kënne sech net méi drëms këmmeren. Och esou Fäll hu si der e puer. Fir esou Déiere ginn et dacks net vill aner Méiglechkeeten, well si och net onbedéngt déi richteg Profiller hunn, déi aner Leit kafe wéilten.

“Ein Pferd kostet viel in der Anschaffung und auch im Unterhalt. Und wenn ein Pferd schon eine Erkrankung oder ein bestimmtes Alter hat. Da muss ja nur reingesteckt werden. Das kauft natürlich keiner", erkläert d'Antonia Meyer. Si schafft a wunnt um Haff. Si an hire Mann si fest agestallt a kréien nach Hëllef vun enger 20 Benevollen, déi reegelméisseg op de Päerdshaff schaffe kommen.

Päerd kënnen am Duerchschnëtt tëscht 25 an 30 Joer  al ginn, heiansdo gi si och méi al. Et kënnt vir, dass och mol Déiere vun hei weidervermëttelt ginn. An der Reegel bleiwen d'Déieren awer de Rescht vun hirem Liewen um Gnodenhaff. 

Back to Top
CIM LOGO