Wou Waasser ass, ass ganz dacks och e Biber. Vun enger klenger Bach bis zu engem grousse Floss. Beim Element Waasser fillt dëst Déier sech puddelwuel. “An der Nordspëtzt vum Land hu mir well extrem vill Plazen, wou de Biber aktiv ass”, esou de Kevin Jans, Geograph bei der Fondatioun “Hëllef fir d’Natur”. Wéinst de ville Baachen a Fiicht-Wise wär dat esou. Am Wanter ass e gudde Moment, dem Biber seng Spueren ze gesinn. “Ugeknabbert Beem, Äscht wou d’Schuel erof ass, oder e Staudamm. D’Aktivitéit um Waasser ass och en Zeechen, dass e Biber hei lieft”, erkläert de Mataarbechter vu “natur&ëmwelt”.
“De Biber gëtt net ouni Grond Architekt oder Ingenieur vun der Natur genannt. Hien ass eent vun den eenzegen Déieren op der Welt, dat nieft dem Mënsch eppes baue kann. Hien baut Dämm a seng Buergen.”
E Biber brauch e Revéier fir ze liewen. Dat ass dacks tëscht 1 bis 5 Kilometer laanscht de Floss grouss. “Et ass och ofhängeg, wat do ass fir z’iessen. Wa genuch do ass, bléift e Biber säi Liewe laang op där selwechter Plaz wunnen. Am anere Fall kann et virkommen, dass hien ofwandert. D’Schuele vun de Beem, Blieder an d’Friichte vun engem Bam stinn um Biber sengem Iessplang.”
2022 hat d’Natur- a Forstverwaltung eng Kaart opgestallt mat iwwer 80 Sitten, wou Bibere liewen. “Aus menger eegener Erfarung kann ech soen, dass dës Kaart sécher net méi aktuell ass. Mëttlerweil gi mir op eng Verdueblung hin”, esou de Kevin Jans.
Et gouf eng Zäit, do war de Biber hei am Land ausgestuerwen, dat och op anere Plazen an Europa. “Doropshi gouf decidéiert, de Biber ënner Schutz ze huelen. Och Lëtzebuerg huet en national ënner Schutz geholl. Am Joer 2000 sinn déi éischt Biberen nees aus der Belsch bei eis an d’Land komm”, erzielt de Kevin Jans am RTL-Interview.