70. Eurovision Song ContestWéi kann ee vu Lëtzebuerg aus ofstëmmen?

Lea Schwartz
En Dënschdeg ass déi éischt Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2026. D'Eva Marija ass eréischt en Donneschdeg drun, da kann een och vu Lëtzebuerg aus mat ofstëmmen.

Esou lues gëtt et also Eescht fir d'Artisten, déi dëst Joer op der Bün vum ESC wëlle stoen. Net jidderee packt et an déi grouss Final e Samschdeg. Wien um Enn dobäi ass, entscheet eng Jury, awer och ee Publikumsvoting.

Wéi kann een ofstëmmen?

Lëtzebuerg gehéiert zu de Länner, bei deenen ee just online ofstëmme kann. Et muss een also op den offzielle Link goen. Et gëtt keng Nummer fir Lëtzebuerg op där een uruffe oder een SMS schécke kann. Jiddereen dierf am ganzen 10 Stëmmen ofginn a pro Vott kascht et 0,99 Euro.

Screenshot geholl um 12h46. Um vote.eurovision.com wäert ee kënnen den Donneschdeg ofstëmmen.
Screenshot geholl um 12h46. Um vote.eurovision.com wäert ee kënnen den Donneschdeg ofstëmmen.
© Screenshot vote.eurovision.com

Nom leschte Lidd an der jeeweileger Halleffinall geet de Voting op. Just déi Länner, déi och an der Halleffinall dobäi sinn, dierfe mat ofstëmmen. Konkret heescht dat fir Lëtzebuerg, dass mir an der Halleffinall den Dënschdeg den 12. Mee kee Stëmmrecht hunn. Dofir kënnen d'Lëtzebuerger awer den Donneschdeg den 14. Mee an der Halleffinall, an där d'Eva Marija fir Lëtzebuerg optrëtt, mat ofstëmmen.

Nei Reegele fir d'Halleffinall

D'EBU (European Broadcasting Unioun) huet fir dëst Joer eng Ännerung an de Reegele virgesinn. Esou sinn d'Stëmme pro Persoun op 10 limitéiert. D'lescht Joer waren et der nach 20. Dobäi kënnt, dass schonn an den Halleffinallen ee Juryvott wäert mat an d'Gesamtwäertung afléissen. Um Enn wäert et eng 50/50-Opdeelung sinn tëscht de Jury- an de Publikumsstëmmen.
D'Jury besteet an all Land aus 7 Memberen, déi ee professionelle Hannergrond aus der Musekszeen hunn. An zwee Jurysmembere mussen tëscht 18 a 25 Joer al sinn. Domadder wëll een och ee méi jonke Publik representéieren.

Ob Lëtzebuerg an der Final mat dobäi ass, entscheet sech dësen Donneschdeg an der Halleffinall. Op RTL Lëtzebuerg kënnt Dir vun 21 Auer u live mat dobäi sinn.

D'Eva Marija bei de Prouwen zu Wien.
© EBU / Alma Bengtsson

D'Reegele fir d'Finall

Onofhängeg dovunner, ob een Artist et schlussendlech an d'Finall gepackt huet, behält all Land säi Stëmmrecht. D'Reegele bleiwen déi selwecht. Als Lëtzebuerger kann een online ofstëmmen. Et bleift bei 10 Stëmme pro Persoun an de Käschte vun 0,99 Euro pro Vott.

Den eenzegen Ënnerscheed vun der Finall par Rapport zur Halleffinall ass, dass de Voting schonn éischter ugeet. Relativ am Ufank vun der Show, nach virum éischte Lidd kann een ufänke mat ofstëmmen, bis ongeféier 40 Minutten no dem leschte Kandidat. Et dierf een net fir säin eegent Land stëmmen. Fir Lëtzebuerg kann een also just aus dem Ausland ofstëmmen. Dat gëllt fir d'Finall an Halleffinall.


Weider Sujeten zum ESC

Back to Top
CIM LOGO