
An Däitschland oder Italien zum Beispill sinn d’Diere vun de Librairien zanter e Méindeg erëm op. Ma och hei am Land géif jiddwereen op dee Moment waarden.
Wuel kéinten déi verschidde Librairien uechtert d’Land de Moment iwwert den eegenen Online-Shop, LëtzShop oder Email, respektiv Telefonscommanden de Service um Client oprecht halen, seet d’Presidentin vun der Federatioun vun de Librairen, mä: “Wann een e Stréch drënner mécht, dat Ganzt rentéiert sech de Moment guer net, an et ass wierklech just e Service, dee mer maachen, fir dem Client Merci ze soen, datt se weider un eis denken a bei eis bestellen.”
Dobäi kéim, wéi och fir aner Commercen, datt e groussen Deel vun de Librairien hire Loyer net annuléiert kruten.
“Hunn zum Deel grouss Prêten, déi nach lafen, hunn eréischt elo just mat hirem Commerce ugefaangen an net déi néideg Liquiditéiten, fir déi néideg Chargen, déi awer opstinn, ze bezuelen.”
Wat d’Hëllefe vum Mëttelstandsministère uginn, gëtt momentan nach gekuckt, mat wéi enge Mesuren de Librairië kéint gehollef ginn. Déi ganz Kris hätt dann och Repercussiounen op d’Fournisseuren an d’Editeuren, betount d’Anne Diederich.
“Well si sëtzen do a verkafen och näischt, well d’Librairien näischt kënne bestellen. Verschidde Verleeg hunn eis Echeancë méi laang gemaach, mä déi kënnen dat och net bis an d’Onendlecht maachen.”
All Libraire hätt sech awer scho Gedanke gemaach, fir dee Moment, wou een erëm kann opmaachen, och déi néideg Distanz an Hygiènesvirschrëfte kënnen anzehalen. Mä nach wëssen d’Librairien net, wéini hir Dieren erëm opginn.
