Boykott geet weiderIrland, Spuenien a Slowenien verzichte bewosst op Diffusioun vun der Eurovision

RTL mat AFP
Déi ëffentlech-rechtlech Sender an Irland, Spuenien a Slowenien hunn ugekënnegt, datt si de Eurovision Song Contest dëst Joer net iwwerdroen. Si boykottéieren de Concours wéinst der Participatioun vun Israel.
© Patrycja Pruchenska

Irland, Spuenien a Slowenien gehéieren zu de fënnef Länner, déi hire Réckzuch vun der 70. Editioun vum Concours ugekënnegt haten, deen dëst Joer zu Wien organiséiert gëtt. Si protestéieren domat géint d'Decisioun vun der EBU, d'Participatioun vun Israel bäizebehalen. Och Island an Holland hu sech aus deem selwechte Grond zeréckgezunn, wëllen d'Emissioun awer trotzdeem iwwerdroen.

Déi fënnef Länner stelle sech domadder géint d'Virgoe vun Israel am Gaza-Krich, deen eng Reaktioun op d'Attack vum 7. Oktober 2023 der radikalislamistescher Hamas op israeeleschem Territoire war. Méi wéi dausend Kënschtler oder Gruppen hu sech och fir e Boykott ausgeschwat. Amnesty International huet sech deem Opruff ugeschloss. E Samschdeg gouf et an der éisträichescher Haaptstad eng pro-palästinensesch Demonstratioun.

Alternativ Programmer a verstoppt Kritik

De sloweenesche Sender RTV wëll e Samschdeg amplaz vun der Final eng Sendung iwwer Palästinenser weisen. De spuenesche Sender RTVE setzt op e Museksevenement ouni Bezuch op d'Eurovision an den iresche Sender RTÉ weist eng Episod vun der populärer Sitcom Father Ted aus den 1990er Joren.

Amplaz vum Eurovision-Zirkus steet de Programm vun der ëffentlecher Televisioun am Zeeche vun der thematescher Serie Voices of Palestine, huet de sloweenesche Sender RTV e Sonndeg an engem Communiqué matgedeelt.

RTVE hat schonn Ufank Mee erkläert, datt den ëffentleche Sender säi 70. Gebuertsdag feiere géif. Déi spuenesch Televisioun feiert 70 Joer, siwe Joerzéngten, an deenen dausende Kënschtler a Millioune Lidder iwwerdroe goufen. RTVE éiert dëse Patrimoine a kuckt mat enger neier Spezialemisisoun vu La Casa de la Musica an d'Zukunft, sou de Sender, ouni dobäi d'Eurovision ze ernimmen. D'Ana Maria Bordas, Direktrice fir d'Produktioun vum Contenu bei RTVE, huet ënnerstrach, datt den Dag vun der Ausstralung eng besonnesch Bedeitung an Europa hätt, well et den internationalen Dag vum friddleche Matenee-Liewe wier.

D'Episod vu Father Ted, déi an Irland gewise gëtt, erzielt vun zwee Paschtéier, déi komplett iwwerfuerdert sinn a fir un engem internationale Gesangsconcours deelzehuelen, e Lidd schreiwen.

Back to Top
CIM LOGO