Marginal ass eng lëtzebuergesch True-Crime Serie, déi d'lescht Joer an d'Kinoen an op d'Tëlee komm ass. D'Schwaarz-Wäiss-Serie, déi al Kriminalfäll aus dem fréien 20. Joerhonnert opgräift, ass elo an der Produktioun vun der zweeter Staffel. Nees mat um Set ass d'Schauspillerin Marie Jung.
Mir hunn d'Actrice um Set getraff a ginn Iech en Abléck hannert d'Kulisse vun hirer Aarbecht bei Marginal, ma awer och an hir aner Projeten als Schauspillerin.