Bekannte Musée an ItalienUffizien zu Florenz goufen Zil vun enger grousser Hackerattack

RTL Lëtzebuerg
De weltbekannte Musée huet dowéinst och direkt d'Dieren an d'Noutausgäng versigele gelooss.
Affiche vun de Galerië vun den Uffizien zu Florenz
Affiche vun de Galerië vun den Uffizien zu Florenz
© BEATA ZAWRZEL/NurPhoto via AFP

No engem Hackerugrëff op d’Uffizien zu Florenz goufen déi wichtegst Konschtwierker a Sécherheet bruecht, dat well d’Suerg do war, dass d’Täter en Abroch kéinte geplangt hunn. De weltbekannte Musée huet dowéinst och direkt d’Dieren an d’Noutausgäng versigele gelooss.

Mat den Donnéeën, déi d’Hacker schonn zanter Februar solle sammelen, wéilte si elo Suen erpressen. Nieft Passwierder sollen awer och d’Pläng vun den Iwwerwaachungskameraen geklaut gi sinn.

Déi 500 Joer al Uffizien gehéiere mat Konschtwierker vum Michelangelo oder Leonardo da Vinci zu de bedeitendste Konscht-Muséeën op der Welt.

Back to Top
CIM LOGO