Schonn als klengt Meedchen huet d’Nora Hoffmann alias Norah Noush hir Passioun fir d’Danzen entdeckt. Wat mat deenen éischte Schrëtt am Danzsall ugefaangen huet, ass zu enger professioneller Karriär ginn. Haut schafft si als Dänzerin a Choreografin zu London, wou et zwar vill Konkureenz, ma och vill Opportunitéite gëtt. Mir hunn d’ Nora Noush an hirer Walheemecht getraff a si bei engem speziellen House-Dance-Battle begleet.