“Tramopline” nennt sech eng nei Initiativ vun der Gemeng Esch an dem Escher Theater, déi an Zukunft jonke Kënschtler eng Plattform bidde soll. An engem fixen Zyklus sollen an der Galerie vum Escher Theater eng Rei Solo-Ausstellunge vun opstriewenden Artisten aus der Groussregioun organiséiert ginn. Den Ament kann ee déi éischt Expo aus dëser Rei mam Titel “The World Is A Stage” vun de Kënschtler Arthur Delhaye a Robin Bigret gesinn.
Mir ware laanscht kucken an huet mat der Curatrice Danielle Igniti an engem vun de Kënschtler geschwat.