Elo presentéiere si hir Resultater an enger Gruppenausstellung.
Calamine, op Däitsch Zunder, ass eng Eisenoxidoflagerung, déi sech op der Uewerfläch vu Stol bilt, wann dëse besonnesch héijen Temperaturen ausgesat ass. Als Titel vun der Ausstellung am Bridderhaus, steet dësen als Sënnbild fir alles dat, wat de Minett och nach haut ausmécht. E stellt de Kader fir eng méi breet Recherche, bei där sech 13 Schüler a Schülerinne vun der Konschthéichschoul zu Metz mam Lëtzebuerger Süden an de leschten 100 Joer beschäftegt hunn.
Am Atelier “Zone à Dessins”, deen de Proff a Kënschtler François Génot all Joer mat senger Klass organiséiert, begi si sech zesummen an ee Gebitt, sief et a Frankräich oder am Ausland a beschäftege sech ganz intensiv mat dëser Platz an hirer Geschicht. Dëst Joer war Lëtzebuerg un der Rei an zesumme mam Bridderhaus gouf am November zejoert eng Residenz vu ronn enger Woch organiséiert, wärend där d‘Schüler a Schülerinnen an engem feste Programm verschidde Plaze, wéi den Ellergronn, d’Rëmelenger Kierch, oder d’Escher Konschthal entdeckt hunn an erliewe konnten, wéi et zu Lëtzebuerg ass.
Doriwwer eraus, hunn déi eenzel Studenten a Studentinnen och hir eege Weeër, fir eng perséinlech Recherche ageschloen. Esou huet eng Schülerin zum Beispill verschidden Epicerien zu Esch besicht, fir iwwert de Wee vum Iessen d’Multikulturalitéit vun der Stad ze entdecken.
Déi post-industriell Verfassung vun der Stad Esch an hir Verännerungen duerch d‘Stolindustrie, hätt d’Kënschtler a Kënschtlerinnen am meeschten interesséiert. D’Resultater vun hirer Recherche si villsäiteg. Vu Molerei, iwwer Fotografie, Skulptur a Video ass alles Méigleches an der Ausstellung ze gesinn. D’Expo “Calamine” weist domat wéi villsäiteg souwuel de Minett, wéi och déi verschidde Konschtstudenten a -Studentinne sinn.
D’Ausstellung ass just dësen a nächste Weekend am Bridderhaus zu Esch ze gesinn a sonndes, den 12. kritt ee vun 11 bis 18 Auer en zousätzleche Programm mat Performancë gebueden. Ausserdeem bréngt d’Grupp och e Buch mat weideren Informatiounen iwwert hir Recherche an Aarbechten eraus, dat een och wärend der Ausstellung am Bridderhaus ze kafe kritt.