
Matt ville Selektiounen a Präisser op internationale Festivaller war QUO VADIS AIDA vun der Bosnierin Jasmila Zbanic eng sécher Nummer. E Succès an de Programmkinoe weltwäit (wa se dann erëm opginn) dierft dem Film garantéiert sinn, an dat ass och verdéngt. D’individuellt Schicksal, de Kampf an d’Hëlleflosegkeet vun enger bosnescher Uno-Interpretin, fir hir Famill ze retten, spigelt hei dat allgemengt Schicksal vun der Stad Srebrenica erëm, déi 1995 vun der Uno den Truppe vum Ratko Mladic ausgeliwwert gouf, an zum Massaker vun 8.000 bosnesche Männer gefouert huet.
Quasi exklusiv aus der Perspektiv vum Aida gefilmt, ass dëst e spannend Drama, mat där enger oder anerer Zeen, déi villäicht ze vill op d’Emotiounen dréckt.
Genau wéi den änlech ausgeriichten “Hotel Ruanda” (Terry George, 2005), iwwert de Genozid am Ruanda, ass QUO VADIS, AIDA niewent senge grousse filmesche Qualitéiten en essentielle Film, fir d’Erënnerungen un de Krich an den Territoire vun dem fréiere Jugoslawien lieweg ze halen, deen 10 Joer gedauert huet.

Wéi vill aner Kompetitiounsfilmer féiert och WHALERBOY vum Philipp Yuryev ons an eng friem Welt. De Film beschreift am Ufank de Sexzenter zu Detroit, an deem d’Camgirl “Hollysweet999" aktiv ass, an dann am Kontrast, ganz dokumentaresch, den haarden a schounungslose Beruff vun de Waljeeër am nërdleche Russland. De jonke Leshka lieft an engem klengen isoléierten Duerf, knapp 80 Kilometer vun Alaska ewech, a geet mat de Männer op d’Waljuegd. D’Frae schénge ganz rar ze sinn, an Internet ass nach net laang genuch do, dass de Leshka weess, wéi een domat richteg ëmgeet. De Leshka ass ganz naiv faszinéiert vun der erotescher Dramwelt, an deem Amerika, dat just op där anerer Säit vun der Beréng-Strooss läit. Hie mécht sech da mat sengem Schëff op de Wee no Detroit. Besonnesch originell ass dësen Ausgangspunkt net, wuel awer d’Aart a Weis, wéi de jonke russesche Realisateur, dës “coming of age"-Geschicht traitéiert. De Film huet onerwaart Rebondissementer a bleift doduerch ëmmer spannend. Den Eescht vu ville Situatioune gëtt dacks entschäerft duerch eng subtil Distanz, sief dat duerch Humor oder esouguer surreal Momenter. Dësem 1. Film vum Realisateur feelt et villäicht nach un der leschter formaler Maîtrise a Koherenz. Dofir ass et awer wuel dee “liichtsten” an erfrëschendste Film aus der Kompetitioun.
No 6 Filmer aus der Kompetitioun, d’Häerzstéck vum Festival, kënne mer also am grousse Ganze zefridde sinn. Awer, wann een nëmme 8 Filmer weist, a weess, datt Lëtzebuerg traditionell kee besonnesch cinephilt Land ass, muss ee sech dann onbedéngt méi elitär weisen, wéi déi grouss international Festivaller? Mat dem iranesche Film CARELESS CRIME konnte mer näischt ufänken, a mir si bei Wäitem do net déi eenzeg. Wuel ass de Film formal brillant; besonnesch hunn ons awer déi kulturell Schlëssele gefeelt, fir dëse soss och konzeptuellen an intellektuelle Film korrekt z’entzifferen. Mir ginn dat gären zou. Ass et onbedéngt néideg, fir en éischter “populäre” Film wéi “Quo Vadis, Aida” duerch säin absolut Extrem contrebalancéieren ze wëllen? Oder firwat kënnt esou e Film an e Programm, deen esou differenzéiert genuch ass, wat och seng Qualitéit ausmécht? D’Selektioun vun dësem Film temoignéiert just vun enger Attitüd vu cinephillem an intellektuellem Snobismus, deen net onbedéngt dem Festival ze gutt kënnt.
Wann also d’Competitioun, mat dëser Ausnam, zumindest bis elo gutt a villsäiteg war, sou kann een dat net vun den nationale Filmproduktioune soen.

De ratéierten HYTTE, dee mer schonns besprach hunn, entsprécht zumindest dem techneschen an handwierklechen Niveau, dee mer zu Lëtzebuerg zanter enger Rei Joren erreecht hunn. AN ZERO-COMMENT LE LUXEMBOURG A DISPARU vum Myriam Tonelotto a Julien Becker werft eis awer erëm Joren zeréck, an ass dann och nach vun ARTE koproduzéiert. Mir hunn hei keng Plaz, fir op d’Polemik ronderëm d’ARTE-Zensur vum Film anzegoen, déi een um Site vum JOURNAL noliese kann. Mir ginn och gären zou, dass den Deel mat den Interviewen iwwert d’Konsequenze fir Lëtzebuerg vun engem Gau zu Cattenom héich interessant Froen opwerft, an dass een eleng dowéinst de Film ka kucke goen. Mee wann een net déi néideg finanziell Mëttelen an Erfarung huet, dann huet ee besser, d’Fangere vu Spillfilmzeenen ewechzeloossen, déi hei e groussen Deel vum Film ausmaachen. Wa mer gutt gesënnt sinn, soe mer, dass villäicht déi eng oder aner Zeen am Ufank vum Film, wou Panik ausbrécht, esou just mat duerchgeet. Dat Meescht ass awer inkoherent opgebaut, schlecht geschriwwen an inzenéiert dacks bis zum Lächerlechen. D’Zeen, an där d’Boma um eidelen Nikloskierfecht vun engem Arméitank an engem Zaldot mat Gasmask ofgeholl gëtt, oder d’Schlusszeen mat de Kniddelen, wäerte wuel allebéid Kultstatus kréien.
Fir onsen nächste Blog bleiwen ons nach 2 Kompetitiounsfilmer an eng national Produktioun ze bespriechen, da si mer fir dëst Joer derduerch.