Wann d'Zirkusschoul Festival huetAm Numm vun de Valeuren: Zesummen, Spaass a Spill

Lea Schwartz
D’Zirkusschoul Zaltimbanq gëtt et schonn zanter méi wéi 30 Joer. All zwee Joer organiséiert si esou ee Festival.
Eng Zirkusschoul feiert säi Festival
D’Zirkusschoul Zaltimbanq gëtt et schonn zanter méi wéi 30 Joer. All zwee Joer organiséiert si esou ee Festival.

Zënter zwou Woche steet um Kierchbierg hannert der Coque ee grousst Zirkuszelt. Et ass Festival an d’Zaltimbanq’ Zirkus asbl invitéiert op verschidde Virféierunge vun nationalen an internationale Kënschtler, mee och vun hiren eegenen Zirkusschüler.

D’Zirkusschoul Zaltimbanq gëtt et schonn zanter méi wéi 30 Joer. All zwee Joer organiséiert si esou ee Festival. D'Zil ass et, all de Schüler d'Méiglechkeet ze ginn, an engem richtegen Zirkuszelt opzetrieden an hir Konscht viru Publikum ze weisen.

"Et ass meng éischte Kéier an ech freeë mech", erzielt ee vun de jonken Zirkusartisten. Um Zirkus gefält him virun allem d'Akrobatik an d'Méiglechkeet, seng Energie lasszeginn. Méi wéi 100 Kanner hunn de leschte Samschdeg den Optakt vum Festival gemaach. Ënnert dem Motto "Timemachine" gouf de Public wärend dem Spektakel ëmmer nees an eng aner Zäit versat.

Am Ganze waren zéng verschidde Kannergruppen dobäi, déi zesumme mat hiren Animateuren ënnerschiddlech Optrëtter virbereet haten. All Grupp huet eng aner Epoch representéiert a war pluridisziplinär opgebaut. Dat bedeit, datt verschidden Zirkus-Techniken an enger Nummer kombinéiert goufen. Wéi eng Disziplinnen d'Kanner weisen, hänkt dobäi och vun hiren eegene Stäerkten of.

De Stephan Kinsch ass Member am Comité vun der Zaltimbanq’ Zirkus asbl an ee vun de ronn 40 Benevollen, déi sech an der Zirkusschoul engagéieren. Fir de Festival sinn nach eng Kéier esou vill zousätzlech Fräiwëlleger am Asaz. Beim Zirkus léieren d'Kanner déi ënnerschiddlech Techniken, fir an der Manège ze weisen, mee et geet och ëm Valeuren, déi si mat op de Wee kréien, wéi de Stephan Kinsch erkläert: "D’Valeuren, déi soen: Zesummen, et soll Spaass maachen an d’Spill. Dat heescht dat sinn déi Valeuren, déi mir och kucken an eiser Pädagogie eriwwer ze bréngen.  An dat ass och wat si léieren, si léieren, dass du zesummen effektiv flott Saache kanns maachen, dass du spilleresch kanns Saache léieren, dass du dech spilleresch kanns entwéckelen. Dorëms geet et.”

Leschte Samschdeg huet d'Manège ganz de Kanner a Schüler aus der Zirkusschoul gehéiert. Nach bis den 10. Mee bleift d'Zelt hannert der Coque um Kierchbierg stoen a weist ënnerschiddlech Virféierunge mat nationalen an internationalen Zirkusartisten.

Back to Top
CIM LOGO