
D'ganz lescht Woch iwwer war de Selektiounscomité vum nationale Filmfong nees beieneen. Do gouf decidéiert, dass zwou Dose Film-Projeten an der zweeter Sessioun vun dësem Joer finanziell wäerten ënnerstëtzt ginn. Sief et fir d'Schreiwe vun engem Dréibuch, den Developpement oder d'Productioun.
10 Filmer vu lëtzebuergeschen Auteuren oder Realisateuren goufen zeréckbehalen. Déi ganz finanziell Enveloppe fir déi 24 Projeten beleeft sech op ëmmerhin eppes méi wéi 10,7 Milliounen €.