D'Ëmweltberodung sammelt Schoulsaache fir de Projet:"Mol nach emol": Verdeelt gratis Schoulmaterial

IPL - sponsored content
Hei gi gebrauchte Bicer, Faarwen, Geodräiecker a méi erëm ënnert d'Kanner bruecht. Zum Deel sinn et souguer nach nei Saachen, déi soss an der Poubelle geland wieren. Esou gi Ressource geschount a Kanner frou gemaach. Dir kënnt selwer och matmaachen oder als Klass profitéieren.
© SuperDrecksKëscht

SDK Interview 08.09.2026: Celine Ducourant vun der EBL

D'Céline Ducourant vun der Ëmweltberodung huet dem Nico Thielen de Projet "Mol nach emol" erkläert:

Firwat ass "Mol nach mol" grad fir d'Rentrée sou wichteg?

Majo, de Projet "Mol nach emol" bréngt d'Schoulmaterial erëm zréck an de Kreeslaf. An d'Rentrée ass jo eng Period, an där vill neit Schoulmaterial gebraucht gëtt. Fir den Däitschcours brauch ee vläicht e rouden neie Klasse oder fir de Mathéscours e Geodräieck mat engem Grëff. Angläichzäiteg gëtt awer och ganz vill Schoulmaterial ewechgehäit, wat eigentlech nach an engem gudden Zoustand ass, mee einfach net méi gebraucht gëtt. An dat neit Material gëtt also kaaft, obwuel dat aalt jo am Fong wierklech nach an engem gudden oder souguer neien Zoustand ass. An duerch de Projet Mol nach emol versiche mir also, nach gutt Ressourcen u sech ze revaloriséieren.

Wéi funktionéiert Mol nach emol am Detail?

Majo, d'Iddi ass ganz einfach. D'Schoulmaterial, dat net méi gebraucht gëtt, gëtt gesammelt, sortéiert, gebotzt, gespëtzt an desinfizéiert. An dës Opbereedungsaarbechte ginn an den Atelier vun der Formatioun Kräizbierg duerchgefouert. Duerno gëtt dat opbereet Material iwwer verschidde Mole nach emol Mol Ofhuelstelle nees gratis fir Schoulen, Klassen, Maison-Relaisen, Foyeren oder ganz aner Kollektivitéiten zur Verfügung gestallt. An esou kann een op en nei Kaf verzichten an dobäi verhënneren, datt nach wierklech gutt Ressourcen ewechgehäit ginn. An eppes aneres, wat eis och beim Projet ganz wichteg ass, ass dass nieft der Kreeslafwirtschaft de Projet och nach eng ganz aner Valeur erziilt, an zwar duerch d'Zesummenaarbecht mat der Fondatioun Kräizbierg kréien hir Employéen, déi eng ganz markéiert physesch oder mental Beanträchtegung hunn, eng Méiglechkeet op eng sënnvoll Aarbecht.

Wéi kann een do selwer matmaachen?

Ma wann ee Schoulmaterial braucht, da kann ee sech einfach iwwert eise Formulair op www.molnachemol.lu umellen, fir Material gratis sichen ze kommen. Dat wat wichteg ass, ass dass et just fir d'Kollektivitéiten op ass. An nieft dem Unhuele vu Schoulmaterial, kann een awer och zu all Moment Material ofginn, fir erëm en zweet Liewen ze schenken. Dat geet ganz einfach an de Ressourcëzenteren um SIVEC an um STEP zum Beispill, a ganz vill aner Ofhuelstellen, déi een um Internetsite fënnt. An d'Material kritt een natierlech gratis.

Mellt Iech einfach iwwer E-Mail op info@ebl.lu oder op ebl.lu.

Back to Top
CIM LOGO