4 Joer no hirem leschte Match ass d'Serena Williams zeréck zu Wimbledon. D'Organisateuren hunn en Dënschdeg annoncéiert, datt déi 23-fach Grand-Slam-Gewënnerin an hir Schwester Venus eng Wild Card kréien an domadder um prestigiéisten Tennis-Tournoi op der Welt mat dobäi sinn.
Déi 44 Joer al Serena huet réischt d'lescht Woch hiert Comeback gefeiert. 1376 Deeg no hirem leschte Match huet si am Londoner Queen's Club un der Säit vun der Kanadierin Victoria Mboko direkt eng Victoire konnte feieren.
Déi béid Williams-Schwesteren hu bis ewell 14 Grand Slams am Dubbel gewonnen, dovunner 6 zu Wimbledon. Schonn 2000 an 2002 hu si eng Wildcard kritt a sech dunn d'Schluss-Victoire geséchert. D'Venus Williams feiert e Mëttwoch hire 46. Gebuertsdag an ass nach sporadesch op der WTA-Tour ënnerwee.
Spekuléiert gëtt och, datt d'Serena Williams eng Wildcard fir den Damme-Simpel kéint kréien. Eng ass nach ze verginn, allerdéngs ass dës Decisioun nach net offiziell bekannt ginn. 2022 ass déi jéngst vun den zwou Williams-Schwesteren an hirer leschter Partie zu Wimbledon an der éischter Ronn vun der Franséisin Harmony Tan eliminéiert ginn.
Sécher ass, datt d'French-Open-Finallistin Maja Chwalinska, déi sech iwwer d'Qualifikatioun fir Roland Garros qualifizéiert hat, eng Wildcard krit. Bei den Häre krut den 3-fache Grand-Slam-Gewënner Stan Warinka aus der Schwäiz eng Wildcard, am Hären Dubbel geet eng un den Australier Nick Kyrgios an de Kasach Alexander Bublik.