
D'Jenny Warling huet de Weekend beim Karate-1-Premier-League-Tournoi* zu Rabat a Marokko eng staark Leeschtung gewisen a Sëlwer gewonnen.
D'Lëtzebuergerin, déi an der Weltranglëscht op Plaz 7 steet, stoung e Sonndeg an der Klass bis 55kg an der Finall. Fir Gold sollt et awer net duergoen. Déi 32 Joer al Karateka huet sech misse géint d'Japanerin Rina Kodo, d'Nummer 9 op der Welt, mat 1:6 geschloe ginn.
Fir d'Jenny Warling war et zanter 10 Joer nees déi éischt Finall an engem K1-Tournoi.
De Wee vum Jenny Warling an d'Finall
An der Gruppephas e Freideg huet d'Lëtzebuergerin hiren éischte Kampf mat 4:5 géint d'Belsch Aya El Aidi verluer. Duerno gouf et eng wichteg 1:0-Victoire géint d'Nummer 3 op der Welt Nina Kvasnicova aus der Slowakei. Am leschte Kampf huet d'Jenny Warling 2:2 géint d'Kasachin Assemgul Yerdaulet gekämpft an duerch Senshu gewonnen. Si hat den éischte Punkt am Kampf gemaach an doduerch bei Gläichstand gewonnen. Well souwuel d'Kvasnicova wéi och d'Lëtzebuergerin zwou Victoiren an der Gruppephas gefeiert hunn, huet den direkte Verglach iwwer déi éischt Plaz decidéiert. Hei war d'Jenny Warling besser an ass als Éischt an d'K.o.-Ronn agezunn.
An der Véirelsfinall huet d'Jenny Warling mat 1:0 géint d'Marokkanerin Roumayssae Tarkou gewonnen. An der Halleffinall gouf et eng 1:0-Victoire géint d'Japanerin Airi Shima.
*D'Karate 1 Premier League gëllt als déi héchst Tournoi-Serie am internationale Karate. Et ginn nëmme véier Tournoie pro Joer organiséiert, an an all Gewiichtsklass dierfen nëmmen déi 32-bescht Athletinnen an Athleten op der Welt deelhuelen.